Déierepark Munneref – prima Mataarbechter op 4 Been

by admin

Eis Déieren aus dem Déierepark am Klouschter – prima Mataarbechter op 4 Been

Eis Déieren liewen zu Munneref beim Haus am Klouschter um Bierg, an enger riseger Wiss mat engem schéine Stall, wou si sech ganz fräi beweege kënnen.  Mir hunn 2 Zwerg-Geessen a 5 Ouessant-Schof, déi mir aus enger Liibhaberzuucht an aus dem Parc Merveilleux  vu Beetebuerg kritt hunn an déi ganz heemeleg sinn.

Mir benotzen nie Fudder als Lockmëttel bei eisen déieregestützten Angeboter.  Ee Leckerli als Belounung erwaarde si dofir net an dat ass och gutt a gewollt esou.

Wéisou mir net mat Fudder lackelen huet zwou Ursaachen: zum engen sinn si mat Wiss, Hee, Straicher an Hecken, engem Mineralsteen a propperem Waasser tipptopp versuergt an zum anere wëlle mir vermeiden, datt si opdrénglech ginn a Fudder afuerderen an doduerch eventuell e Verletzungsrisiko fir eis Bewunner kéint entstoen. Wann dir also eis Déieren besiche kommt, sidd dir häerzlech wëllkomm, awer fiddert se wannechgelift net, an hirer Wiss geet et hinne gutt an si géife souguer krank ginn, wann si ze vill „däers Gudde“ géife kréien.

Mat Mënschen erliewen si ganz vill Positives, an si kënnen et kaum erwaarden wa Leit de Bierg eropgetrëppelt kommen. Wat soll lo wuel geschéien? Ass dat spannend! Gi mer geheemelt, maache mer en Training mat ? Mol kucken, wat do op eis duerkënnt. Wann et eis net gefält, maache mir einfach eng Méck – Määh !

Zesumme kuschelen

 

Eisen Déieren an eise Leit soll et gutt goen ! Dofir si mir als Betreier do ! Mee mir sinn um Bierg net déi eenzeg, déi eppes wëssen, eppes kënnen an eppes wëllen. Eis Déiere ginn den Impuls, si kommen a si bleiwen a maache gäre mat, mee wann et hinnen net gefält, dann zéien si sech zréck. Hir Reaktioun ass ganz direkt, si weisen eis wat Saach ass, ob si sech freeën oder op si léiwer hir Rou wëllen hunn. Si si fräi a schwätzen eng kloer Sprooch. Eis Bewunner spieren direkt ob si zefridde sinn oder ob hinnen eppes net sou gefält. Si verstinn dës non-verbal Message generell ganz gutt. Si mierken, datt een näischt erzwénge kann a léieren esou hir eege Grenze besser kennen.

Zesummen chillen

 

Eis Déiere motivéieren och sou munch Bewunner sech ze beweegen, fir bis bei se luusse ze goen an si suerge fir vill flott Gespréicher tëscht Bewunner an /oder Mataarbechter. Si sinn awer och d’Acteure vun den déieregestützten Angeboter vum Accueil de Jour vun elisabeth handicap. Zougang an hir Wiss eran hu just Bewunner am Kader vun enger déieregestützter Aktivitéit mat engem forméierte Betreier.  Iwwert beobachten, schmuse, kämme bis zu Aktivitéite wéi Hecke schneiden, de Stall ausmëschten, Drot réckelen ass alles méiglech. Wat gemaach gëtt, hänkt ganz vum Bewunner of. Mir mierken oft, datt d’Leit et genéissen um Bierg ze sinn, do ass et méi roueg, d’Villercher päifen an et deet dem Bewunner gutt aus dem Gebai eraus ze sinn. Wann dann och nach de Luigi oder de Silvester, eng vun eise Geessen se beim Drot begréisse, mécht dat duebel vill Freed.

 

D'Heidi

D’Heidi genéisst d’Opmierksamkeet vun sengem ,,Bekannten‘‘ deem hatt komplett vertraut

Eis Déiere brénge Rou, awer och vill Kontaktméiglechkeeten, si motivéieren sech ze beweegen, si ënnerstëtzen op vill Aart a Weisen eis Bewunner op hirem Wee zu méi Autonomie.

Si sinn, sou wéi mir och, all ganz verschidden an hunn hiren eegene Charakter.

Hei stelle mir iech se fir:

  • De Luigi gëtt gär geheemelt/beréiert an hält dobäi gedëlleg stall, egal ob mat den Hänn, de Féiss (zB bei Persounen am Rollstull), mat der Biischt oder just mat de Fangerspëtzen. Hien ass ,,de Mann am Stot‘‘
  • De Silvester ass de ,,Klasseclown‘‘ deen ëmmer mol gär méi fuerderend ass, gär am Mëttelpunkt steet. Duerch hie kann och um Thema ,,Grenzen setzen‘‘ geschafft ginn a mat him kënnen sech Bewunner déi oft ,,Grenzen austesten‘‘ gutt identifizéieren
  • D’Heidi an d’Daisy sinn d’Cheffinnen ënnert de Schof. D’Heidi ass zoustänneg fir ze checken, ob d’Situatioun ,,safe‘‘ fir seng Häerd ass an d’Daisy kuckt ob se all nach do sinn.
  • D’Maya ass zeréckhalend mee immens verschmuust wann et bis do ass, da beweegt hatt sech net méi
  • D’Gretel ass heiansdo ganz fuersch a kënnt fir gekrault ze ginn, mee hatt bleift och alt emol am Hannergrond a mécht ,,sein Ding‘‘.
  • D’Klara ass ,,d’Traumtänzerin‘‘ aus der Häerd. Hatt ass meeschtens e bëssen an senger eegener Welt ënnerwee a verpasst dobäi heiansdo souguer dass seng Häerd scho laang erëm op eng aner Plaz getrëppelt ass. Hatt ass immens firwëlzeg, ass iwwerall vir bäi mee hatt ass méi den ,,Adventurer‘‘ wéi verschmuust. D’Klara begleet meeschtens de Betreier mam Bewunner fort vum Déierepark, andeems hatt banne laanscht den Drot geet, nieft de Leit déi um Wee ginn.

Wann dir da mol laanscht hir Perch spadséiere kommt, kennt dir jo versichen eraus ze fannen,  wie wien ass. Vill Spaass dobäi !