Projektwerkstatt Palliative Geriatrie

by admin

2016 huet Omega 90 zesumme mam Kompetenzzentrum Palliative Geriatrie, Berlin hei zu Lëtzebuerg e Pilotprojet gestart fir en Ëmdenken  an der Laangzäitbetreiung vun eelere Mënschen ze bewierken.

Deemools hate 7 Institutiounen um Projet deelgeholl, ënnert hinnen de CIPA Haaptmann’s Schlass vu Berbuerg an de CIPA Ste Elisabeth am Park an der Stad, déi allebéid och Grënnungsmember vum Palliative geriatreschen Netzwierk zu Lëtzebuerg sinn. No dësen iwweraus gudden Erfarungen, ass 2018 eng 2. Projektwerkstatt ugelaf, mat der Participatioun vu  weidere  groussen Institutioune vum Grupp elisabeth, dem CIPA Foyer Ste Elisabeth vu Beetebuerg an dem Institut St Joseph vu Betzder an dem Haus Am Klouschter vu Munneref, wou sech gewisen huet, datt sech dëst Konzept och an der Betreiung vun eelere Leit mat Handicap ganz positiv bewäert.

D’Haaptzil vun der „Palliativer Geriatrie“ ass et e würdegt Ëmfeld ze schafen an eng Liewensbegleedung unzebidden, an där den eelere Mënsch selwer bestëmmt, wat hie wëllt mat där Zäit, déi him bléift, ufänken. Dofir ass et wichteg, datt all Mataarbechter versteet, datt jiddereen aneschters ass, mir also keng statesch Programmer brauchen, mee mussen zesummen interdisziplinär iwwerleeën, wéi mir am Kader vun eise Standarden, déi jo och wichteg sinn, et fäerdeg bréngen, dem Eenzele gerecht ze ginn a säi Wëllen ze realiséieren. Nëmmen esou kënne mir di beschtméiglech Liewensqualitéit bidden an esou begleeden, datt all eeler Persoun bei eis gutt liewe kann an sech drop verloossen, datt se och an hirem gewinnten Ëmfeld ka bleiwe wann et net méi geet. Den Doud ass keen Tabu-Thema, stierwe gehéiert zum Liewen dozou. Mir wëllen alles dozou bäidroen, fir datt den Alter liewenswäert bleift bis zum Ënn.

D’Projektwerkstatt Palliativ Geriatrie gëtt vun Omega 90 koordinéiert, mat Hëllef vum Kompetenzzentrum Palliative Geriatrie vu Berlin  a gëtt vun den Oeuvres Grande-Duchesse Charlotte finanziell ënnerstëtzt.

Projet Foyer Ste Elisabeth Bettembourg

Gemeinsam als Yolande asbl haben das Haus am Klouschter Mondorf und das Institut St Joseph Betzdorf an der Projektwerkstatt PALLIATIVE GERIATRIE II über einen längeren Zeitraum teilgenommen. Die Projektwerkstatt wurde von Omega 90 organisiert und es nahmen 8 Träger und Institutionen aus dem Alten- und Pflegebereich, sowie aus dem Behindertenbereich teil, mit dem Ziel eine palliative Haltung in den jeweiligen Häusern durch Weiterbildungen, Intervision und individuelle Projekte zu etablieren und/oder zu festigen.

In den jeweiligen Häusern haben sich nochmals interne Gruppen zusammen gefunden um die spezifischen Projekte auszuarbeiten. In Mondorf hat man sich dabei  dem Thema Spiritualität gewidmet und in Betzdorf der Ausarbeitung von internen Weiterbildungsmodulen zum Thema Palliative Care.

Verzögert durch die Pandemie fand Anfang Juni 2021 schlussendlich der offizielle Abschluss der Projektwerkstatt Palliative Geriatrie II statt, dies in Beisein der Familienministerin. Unsere beiden Häuser waren ebenfalls mit zwei Infoständen und Teilnehmern der Projektwerkstatt vertreten. Zu dieser Gelegenheit, wurden Filme zu den jeweiligen Projekten mit viel Herzblut gedreht und dort offiziell gezeigt.

Projet Institut St Joseph Betzdorf