Signature du Contrat de Licence Fairtrade

by admin

Den 20. Mäerz 2019  hunn de Jean-Louis Zeien, Präsident von der NGO Fairtrade Lëtzebuerg an de Willy de Jong, Generaldirekter vum Gruppe elisabeth de Fairtrade – Lizenzkontrakt  am Duerfbuttek “Beim Lis” ënnerschriwwen.

Domadder ass offiziell eis nei Fairtrade Téi-Selektioun lancéiert, an si deet richteg gutt!

Eng Taass vun eisem Téi, mat Léift preparéiert, deet gutt bis an déi déck Zéif !
An si wierkt och nohalteg iwwert dee Moment eraus:

Si erméiglecht jonke Leit mat intellektueller Beanträchtegung am Formatiounszentrum CPP zu Betzder op adaptéierten Aarbechtsplazen di verschidde Schrëtt ze léieren, vum Ofweien, Afëllen iwwert d’Etikettéieren. Dës Aarbechtsprozesser ënnert strengen hygienesche Konditioune maachen si fit fir spéiderhin um 1. Aarbechtsmaart oder an engem Atelier d’inclusion professionnelle ze schaffen an hir Zukunft selbstbestëmmt ze gestalten.

All eenzel Taass Fairtrade -Téi dréit dozou bäi, eng nohalteg Téiproduktioun laangfristeg ze ënnerstëtzen an ze stäerken. Si garantéiert den zertifizéierte Produzenten aus dem Süden e geséchert Akommes. A mat de Fairtrade - Primme kënnen si Projete realiséieren, déi hirer ganzer Gemeinschaft zu gutt kommen (Educatioun, Accès zu Waasser, Infrastrukturen, Gesondheet…)

Eisen Téi kréie mir en vrac a ganz frësch vum François Cambell senger “La Route des Comptoirs” geliwwert, déi sech ganz dem fairen Handel verschriwwen huet. 

Datt och iwwerall wou Fairtrade drop steet, Fairtrade dran ass, garantéiere mir iech. Mir gi vun der Firma FLOCERT auditéiert, déi genee kontrolléiert, wéi vill Téi mir akafen a verkafen an ob alles de strenge Kritäre vun “traçabilité et vérifiabilité” vum Fairtrade-Standard entsprécht.

 


Eis nei Téizorten fannt Dir zu Rued op der Gare am Duerfbuttek “Beim Lis” an och zu Betzder am Buttek vum Institut St Joseph. Weider Verkafsplazen an aner Zorten kommen kuerzfristig dobäi.