Crèche Margréitchen: Kannerrechtsdag

by admin

Den 20. November war “Journée Internationale des droits de l’enfant”. An dësem Kader huet d’Crèche Margréitchen e Fotoshooting gemaach fir op d’Rechter vum Kand opmierksam ze maachen. D’Rechter sinn och mat de Kanner zesummen thematiséiert ginn. D’Matbestëmmung vun de Kanner war ee wichtegt Thema op dësem Dag a sou hunn och d’Eltere participéiert a moies hiert Kand seng Liiblingskleeder eraussiche gelooss oder him seng Liiblingsfrisur gemaach – et gouf sech erausgebotzt fir de Fotoshooting.

E flotten Dag ronderëm Thema Kand a seng Rechter.