Eng Aide socio-familiale (m/w/d) 20-40 St/W CDI


Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben
  • Begleedung an Hëllefsstellung vun eise Bewunner am Alldag
  • Professionellt Betreien a Fleegen vun eise Bewunner no de Richtlinne vun eisem Fleege- an Betreiungskonzept
  • Eegenverantwortlecht an eegenstännegt Ëmsetzen vun deenen am Team geplangten fleegereschen an betreiereschen Moossnamen
  • Duerch d’Matwierken am Haus an am Wunnberäich dozou bäidroen, dass d’Bewunner sech bei eis wuelfillen.
Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil
  • Eng Ausbildung als Aide Socio-Familale (m/w/d)
  • Beruffserfarung a Weiderbildungen am Beräich Fleeg a Betreiung vun eelere Mënschen
  • Kenntnisser an der lëtzebuergescher Sprooch (Niveau B2)
  • Basis-Computerkenntnisser (MS-Office)
  • Verantwortungsbewosstsinn (Grëndlechkeet, Suergfalt, Zouverlässegkeet, Eegeverantwortung an Dynamismus)
  • Teamfäegkeet, Kooperatiounsfäegkeet a Flexibilitéit
  • Wäertschätzung an Hëllefsbereetschaft
  • Bereetschaft sech mat a fir Mënschen ze engagéieren
Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen
  • 20-40 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
  • Dës Plaz fält ënnert de SAS-Kollektivvertrag

Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn

  • Casier judiciaire no 4
  • Führerschäin Klass B
  • Eischt Hëllefscours

Delai fir d’Kandidatur: 1.8.2024

Wann et fir Iech selbstvertändlech ass, eelere Mënschen ze hëllefen an dozou bäizedroen, hiert Liewen bei ons angenehm ze gestalten, da schéckt ons Är Online-Kandidatur.

(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL GINN NET BERÜCKSICHTEGT)

Ären Uspriechpartner / Votre interlocuteur / Ihr Ansprechpartner
Haaptmann's Schlass Berbuerg

Directeur:
Yves MORBY
4 Brucherstrooss
L-6831 Berbourg

Tel: +352 71 08 31 - 1
www.elisabeth.lu