Ee Gestionnaire Salaire et Administratif (m/w/d) 40 St/W CDI


Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben

Dir sidd passionéiert fir an engem Service Ressources Humaines ze schaffen de verschidden asbl’en am sozialen Déngscht zu Lëtzebuerg gereiert. Dir hutt gären eng ofwiesslungsräich Aarbecht wou keen Dag dem anere gläicht, da mellt iech bei eis!

  • Dir gereiert den administrativen Dossier vun eise Mataarbechter vun hirer Astellung un, wärend hirer ganzer Karriäre, bis zu hirem Depart
  • Dir fleegt Personaldaten an eisen Datebanken
  • Dir organiséiert a garantéiert de Suivi vun de Visitte bei der Aarbechtsmedezin
  • Dir preparéiert a rechent Salairen : Kollekt a Kontroll vun den Donnéeën (Aarbechtszäiten, Congéen, Maladies, Saisien a Cessiounen…) bis zum Ausstelle vu Paifichen
  • Dir frot Remboursementer un fir aussergewéinlech Absencen (Congé éducation, Congé politique, Pappecongé, asw.)
  • Dir preparéiert Donnéeën fir d’Erstelle vun den Decompten fir déi eenzel Administratiounen a Ministèren
  • Dir sidd Kontaktpersoun fir eis Mataarbechter a Responsabel fir Froe betreffend d‘Aarbechtsrecht, de Kollektivvertrag, d’Sécurité sociale,..
  • Dir huelt aktiv u verschiddenen Projeten am Service RH deel
Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil
  • Dir hutt een ofgeschlossenen Diplom de fin d’études secondaires a konnt eng éischt berufflech Erfarung an enger änlecher Funktioun sammelen
  • Dir kennt Kollektivverträg vun der SAS
    Kenntnisser vun der lëtzebuerger Legislatioun am Beräich vun der Paieberechnung, de Steieren, der Sécurté Sociale an dem Aarbechtsrecht
  • Dir hutt Liichtegkeet am Ëmgang mam Computer, a kennt iech idealerweis mat engem oder mei vun eisen RH Systemer aus (WISAL, PEP, PERSIS a Seezam)  
  • Dir schwätzt Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
  • Dir sidd teamfäeg, a kënnt iech u verschidden Uspriechpartner upassen
  • Dir hutt gutt Organisatiounsfäegkeeten, sidd grëndlech an exakt
  • Dir weist Initiativgeescht a sidd Verantwortungsbewosst
Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen
  • 40 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
  • Ustellung ab direkt
  • Dës Plaz fällt ënnert den SAS-Kollektivvertrag a gëtt an der Carrière C4 bezuelt
  • Méiglechkeet un internen an externen Formatiounen deel ze huelen
  • Méiglechkeet fir Teletravail ze machen an no Horaire Mobil ze schaffen

Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn

  • Casier judiciaire no 3

Delai fir d’Kandidatur: 30.04.2024

(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL, GINN NET BERÜCKSICHTEGT)

Ären Uspriechpartner / Votre interlocuteur / Ihr Ansprechpartner
Apollonia SA S.I.S
Carole Huberty
Responsable Ressources Humaines
33 bd Joseph ll
L-1840 Luxembourg

Tel: +352 45 07 74 - 1801
carole.huberty@elisabeth.lu
www.elisabeth.lu