Diversity Day 2019

by admin

Haut um Diversity Day hate mir op eng Table Ronde agelueden zum Thema

“Relioun am Alldag von eisen Häuser”

 

Nodems d’Madame Maggy Zipfel, Directrice vum CIPA Ste Elisabeth Am Park, jiddwereen ganz häerzlich begréisst hat, huet den Här Willy de Jong , Generaldirekter vun elisabeth, a sengem mot d’ouverture drop higewisen, wéi wichteg an eisen Häiser d’zwëschemenschlech Relatione sinn.  Och wa mir e Grupp sinn, dee kathoulesch geprägt ass, si mir am Alldag mat ganz ville Leit aus aneren Kulturkreesser zesummen, an dofir ass et emsou méi wichteg, datt mir eisen Engagement vun der “Charte de la Diversité” Eescht huelen.

D’Madame Christiane Kremer-Hoffmann huet d’Table Ronde ageleet, andeems si gefrot huet, ob et an eisen Häiser fir Kanner d’Méiglechkeet gëtt, d’Stëllt ze üben an ze erliewen? Duerno huet si nach e puer Impulser ginn, ob déi si d’Participanten gebieden huet ze reagéieren.

De Bernd Hoffmann, Direkter aus dem Haus am Klouschter huet dat aus dem Bléckwinkel vun der Aarbecht mat Leit mat enger intellektueller Beanträchtigung gemaach, d’ Saima Jusufosic, Responsabel vun engem Gruppe vu mannerjähregen Flüchtlingen a selwer viru ville Joer als Flüchtling aus dem Kosovo-Krich op Lëtzebuerg komm, huet e ganz aaneren Volet von der Thematik konnte beliichten. D’Martine Thines, Responsabel vum Service AVS vu Berbourg, huet déi interessant Fro gestallt, wéi mer mat dem Thema an Zukunft ëmginn, wa net méi de Gros von de Leit am Altersheim déi kathoulesch Relioun huet? Ritualer si fir all Mënsch wichteg, a grad an der Phase wou d’Liewen op en Ënn geet, gëtt d’Spiritualitéit dacks zum Thema. Och e Mensch am Alter ka sech änneren, a mir musse léieren ganz opmierksam an empathesch ze lauschteren, wat wiem wéini eng Hëllef ka sinn.

De Patrick Wesquet, Coordinateur aus dem Kanner- a Jugendberäich huet preciséiert, dat haut schon an de Crèchen, Maison Relais a Jugendhäiser Kanner aus ganz verschiddene Kulturkreesser zesumme sinn. Oft wier et an esou engem Kontext méi einfach, sech op d’lëtzebuerger Kultur ze beruffen, wéi an theologesch Diskussionen ze kommen firwat z.Bsp. e Kräiz am Sall hänkt. De Jean-Louis Zeien, als Edukatiounsbeoptrachten vum Bistum huet dat konnte bestätegen, well  Aktivitéiten wéi z.Bsp. den Niklostour duerch d’Stad, fir all Kanner spannend sinn, well si esou Eppes iwwert di reliéis Kultur vun dem Land, an dem si haut wunnen, gewuer ginn. Vill interessant Punkten sinn ugeschwat ginn an aus dem Publikum koumen spannend Froën an Episoden zum Thema. De Pastor Frank Mertin vun der “Evangelische Gemeinde deutscher Sprache” hei zu Lëtzebuerg huet drop opmierksam gemaach dat d’Leit oft ganz schnell Rotschléi zur Hand hunn, ouni am Virfeld richteg nogelauschtert ze hunn.  “Ratschläge sind Schläge” an en oppent A an en oppent Ouer wieren enorm wichteg, grad esou, wéi sech selwer ze kënnen a genau ze wëssen, u wat e selwer gleeft.

Am Resumee kann een e puer Punkten festhalten:
All Relioun as mat eisem Grondgesetz kompatibel
 Et ginn 2 grouss Geforen: déi eng wier Iwwergrëffer vun senger eegener Spiritualitéit op aner Leit, an di 2. wier, aus Angscht Eppes falsch ze maachen, den Thema Relioun a Spiritualitéit komplett auszeblenden
De Kinnekswee fir net an eng von deenen zwou Falen ze tappen, wier sech Kompetenzen am interreliéisen Dialog unzeeegnen.

A genau mat dem Objektiv schafft  d’Laurianne Kedad aus eisem Service “Cultures et Religions”. Iwwert d’ganzt Joer huet d’Lauriane  eise Mataarbechter  a Klienten Hëllefsstellung ginn, fir datt d’Zesummeliewen an eisen Häuser gutt iwwert d’Bühn geet, an een dem aneren seng Iwwerzeejungen léiert ze respektéieren. Sief et duerch Formatiounen, Visiten vun anere Glaawensgemeinschaften, Aktivitéiten mat Kanner a Jugendlechen oder einfach  mat hirer Newsletter, wou si richteg a wichteg  Informatiounen gëtt, déi am Alldag déi néideg Secherheet ginn, fir sou am géigesäitege Respekt kënnen eng gutt Aarbecht ze maachen. Am Kader vum Diversity Day 2019, gouf vun IMS e kuerze Video iwwert dës Aarbecht publizéiert.

Zum Ofschloss von der Table Ronde hat d’Madame Zipfel nach eng Iwwerraschung parat. Si huet op en interreliéisen Buffet invitéiert, deen hir Ekipp mat Hëllef vum Kachbuch “So isst Religion” mat vill Léift preparéiert hat. Optesch en Highlight an et huet  wierklich exzellent geschmaacht. Och de musikaleschen Deel war e Genoss.

E grousse Merci un eis Ekipp vum SEAP a natierlech un all déi, déi dobäi waren!

P.S. Op der Soirée de Remise des Prix vum IMS huet eise Projet eng “mention spéciale du jury” kritt fir eis “pratiques remarquables”.

De ganzen Artikel fannt Dir hei.