Et gouf geklibbert…..
Um Karsamschdeg war den Ouschterhues mam Klibberwon am Sacré-Coeur ënnerwee.
All Bewunner krut no aler Traditioun, eng kleng Fläsch Wäiwaasser mat engem Strauch Pällem iwwerreecht.
Um Ouschtersonndeg gouf et niewent dem Ouschtermenu och eng séiss Brioche-Feuilletée mat Schockelaseeër als Cadeau fir all Bewunner.
Fir d’Sich no den verstoppten Eeër goung et beim gudde Wieder an de grousse Gaart vum Sacré-Coeur.