D’Kiermes am Sacré-Coeur

by Katja

De September ass den traditionellen Mount vun der Schueberfouer. Well aus bekannten Grënn dëst Joer um Glacis näischt lass waar, hunn mir am Sacré-Coeur zu Dikrech eis eegen kleng Kiermes geféiert.

Sportlech goung et lass mat Bechseschéissen, eng roueg Hand war beim „Heissen Draht“ gefrot, vill Gedold beim Fëschen vun den Inten a vill Chance war néideg fir datt de Feil säin Ziel getraff huet.

Och kulinaresch koum den Doft vun der Schueberfouer op. Klassesch gouf et fir Mëttegiessen ee gebakenen Fësch a mat enger frëscher „Gauffre“ mat Klappschmant an Äerdbier hunn d’Bewunner den Dag op der sonneger Terrass genoss.