Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben
- Begleedung an Hellefstellung vun eise Bewunner am Alldag, déi an eisem Altersheem liewen
- Betreien a Fleegen vun eise Bewunner no de Richtlinien vun eisem Fleege- an Betreiungskonzept
- Eegeverantwortlecht an eegestännegt Ëmsetzen vun deenen am Team geplangten fleegereschen an betreiereschen Mossnahmen.
- Duerch d'Matwierken am Haus an am Wunnberäich dozou bäidroen, dass d'Bewunner sech bei eis wuelfillen.
Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil
- Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Aide-Soignant (m/w)
- Berufflech Erfarung am Beräich Geriatrie an Demenz ass vu Virdeel
- Weiderbildungen am Beräich Fleeg a Betreiung vun eelere Menschen si vu Virdeel
- Kenntnisser an der lëtzebuergescher Sprooch (Niveau B2)
- Basis-Computerkenntnisser (MS-Office)
- Verantwortungsbewosstsinn (Grëndlechkeet, Suergfalt, Zouverlässegkeet, Eegeverantwortung an Dynamismus)
- Teamfäegkeet, Kooperatiounsfäegkeet a Flexibilitéit
- Wäertschätzung an Hëllefsbereetschaf
- Bereetschaft sech mat a fir Mënschen ze engagéieren
Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen
- 30-40 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
- Dës Plaz fällt ënnert de SAS-Kollektivvertrag
Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn
- Droit d'exercer
- Casier judiciaire no 4
- Führerschäi Klass B
- Eischt Hëllefscours
Delai fir d'Kandidatur: 21.10.2021
Wann et fir Iech selbstvertändlech ass, eelere Mënschen ze hëllefen an
dozou bäizedroen, hiert Liewen bei ons angenehm ze gestalten, da schéckt
ons Är Online-Kandidatur.
dozou bäizedroen, hiert Liewen bei ons angenehm ze gestalten, da schéckt
ons Är Online-Kandidatur.
Ären Uspriechpartner / Votre interlocuteur / Ihr Ansprechpartner
Foyer Ste Elisabeth - BettembourgDirecteur:
Robert GINDT
4 rue de la Tannerie
L-3288 Bettembourg
Tel: +352 51 16 06 - 1
www.elisabeth.lu

