Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben
Als “Coordinateur Sécurité Infrastructure” an als “Travailleur désigné” sidd dir un de Service Qualitéit-Sécherheet vun elisabeth attachéiert, dir sidd haaptsächlech fir den elisabeth Handicap zoustänneg an ënnerstitt direkt der Generaldirektioun.
Är Aktivitéiten:
- Dir participéiert un der Entwécklung vun der Sécherheet an de verschiddenen Haiser
- Dir këmmert iech ëm den Suivi Immobilier an ëm de Suivi vun de Bau-chantier'en an de verschiddenen Haiser
- Dir setzt Prozeduren ënnert Berücksichtigung vun der lëtzebuerger Gesetzgebung ëm
- Dir sidd den Haaptinterlocuteur vum Sécherheets/Immobilien- a vum Direktiouns-Comité a schafft enk mat dëse Memberen zesummen, fir d’Ëmsetzung a Koordinatioun vun de Projet’en a fir d’stänneg Verbesserung
- Entwéckelen, Duerchfeieren an Ofschléisse vun Preventiounsmesuren a spezifesche Projekter, Berodung vun den Direktiounen an de Mataarbechter
- Dir participéiert un der Weiderentwécklung vun der Gestioun vun de Risiken
- Koordinatioun an Organisatioun vu Formatiounen iwwert Sécherheet vun de Mataarbechter an de betreite Persounen
- Moderatioun vu Reuniounen zum Thema Sécherheet.
Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil
- Ingenieur civil oder Ingenieur industriel mat Optioun am Génie civil oder an der Constructioun
- 5 Joer professionel Erfarung am Bausektor zu Lëtzebuerg
- D'Formatioun vum ,,Travailleur désigné” Grupp C4 as en Avantage
- Beherrsche vun den 3 Haaptsprooche vum Land: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
- Gutt Kenntnisser vun den MS-Office Programmer
- Autosführerschäin
Savoir-faire:
- Ganz gutt Kenntnisser vun Management-Outil’en an Methoden
- Gutt Notiounen an der Begleedung vum Changement
- Beherrsche vun den Techniken Kommunikatioun, Verhandlungen an Animatioun vun Gruppen
- Capacitéit fir di sektoriell a reglementaire Evolutioun vum Bausektor a vun de Sécherheetsaspekter ze analyséieren
Savoir-être:
- Sënn fir den Dialog an d’Kommunikatioun, aktiv Nolauschtere kënnen an excellent Relatiounen mat de Leit féiere kënnen
- Pedagogie, Flexibilitéit a Fermetéit fir z’Iwwerzeegen
- Capacitéite fir d’Schwaachstellen z’analyséieren, ze reperéieren an ze verbesseren
- Grouss Disziplin fir Methodologie an Organisatioun
- Capacitéit fir Prioritéiten kënnen ze definéieren
- Gutt redaktionell Qualitéiten
- Capacitéit fir sech virun engem villfältege Public auszedrécken (Public den zur Organisatioun gehéiert oder net zur der Organisatioun gehéiert)
Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen
- 40 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
- Schaffen en engem dynameschen Ëmfeld
- Dës Plaz fält ënnert den SAS-Kollektivvertarg
Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn
- Casier judiciaire no 4
Ären Uspriechpartner / Votre interlocuteur / Ihr Ansprechpartner
Directeur Général adjointCarlo FRIOB
22 bd Joseph ll
L-1840 Luxembourg
Tel: +352 45 07 74 - 1
www.elisabeth.lu

