Projet HMSB (m/w/d) 30 St/W CDI


Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben

Betreien, Versuergen an am Alldag ënnerstëtze vu fréiere Sans Abrisen mat gerontologeschen a palliative Besoin.

  • Mir bidden Iech d’Geleeënheet fir Deel ze si vun engem nationale Pilotprojet an dëse maassgeeblech matzegestalten an opzebauen. Dir drot dozou bäi eng Struktur ze schafen déi Mënschen a Prekaritéit hëlleft hire Liewensowend an engem optimalen Ëmfeld ze verbréngen.
  • Är Aarbechtsplaz ass an engem renovéierten Deel vum CIPA Haaptmann’s Schlass zu Berbuerg, matzen an der grénger Natur, mat Parkméiglechkeeten direkt virum Haus.
  • Äre Kontrakt ass op onbegrenzten Zäit, ënnert dem Kollektivvertrag vum Secteur d’Aide et de Soins (CCT-SAS).
  • Zousätzlech bidde mir Iech Weiderbildungen a fir Iech relevante Sujeten, Hospitatioune bei den Acteure vum Secteur an intern Supervisiounen am Team un.
Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil
  • Een Infirmier 30 St/Woch, CDI
Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen
  • 30 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
  • Dës Plaz fält ënnert den SAS-Kollektivvertrag

Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn

  • Droit d’exercer
  • Casier judiciaire no 4
  • Führerschäin Klass B
  • Eischt Hëllefscours

Delai fir d’Kandidatur: 1.8.2024

Wann et fir Iech selbstvertändlech ass, eelere Mënschen ze hëllefen an dozou bäizedroen, hiert Liewen bei ons angenehm ze gestalten, da schéckt ons Är Online-Kandidatur.

(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL GINN NET BERÜCKSICHTEGT)

Ären Uspriechpartner / Votre interlocuteur / Ihr Ansprechpartner
Haaptmann's Schlass
Directeur: Yves MORBY
4 Brucherstrooss
L-6831 Berbourg

Tel: +352 71 08 31 - 1
www.elisabeth.lu