Erzéier (m/w/d) 20-30 St/W CDI


Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben

Aarbechtsfelder fir dës Plaz sinn:

  • Kannergruppen (Kanner am Alter vun 0 bis 3 Joer) an enger Crèche
Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil
  • Een hei zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Erzéier (m/w)
  • Berufflech Erfarung am Beräich Kannerbetreiung ass vu Virdeel
  • Basis-Computerkenntnisser (MS-Office)
  • No flexibelen Auerzäite schaffe kënnen
  • Déi 3 Landessproochen (L/D/F) beherschen
  • Empathie a Versteesdemech fir d’Situatioun vu Kanner
  • Verantwortungsbewosstsinn (Grëndlechkeet, Suergfalt, Zouverlässegkeet, Eegeverantwortung an Dynamismus)
  • Wäertschätzung a Kooperatiounsfäegkeet
  • Teamfäegkeet an Hëllefsbereetschaft
  • Bereetschaft sech mat a fir Kanner ze engagéieren
Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen
  • 20-30 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
  • Dës Plazen faalen ënnert den SAS-Kollektivvertrag

Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn

  • Casier judiciaire no 4 a 5
  • Droit d’exercer
  • Führerschäin Klass B
  • Eischt Hëllefscours

Delai fir d’Kandidatur: 15.8.2024

Wann et fir Iech selbstverständlech ass, Kanner ze betreien a mat hinnen zesummen di Zäit bei eis kreativ mat ze gestalten, da schéckt ons Är Kandidatur online eran.

(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL, GINN NET BERÜCKSICHTEGT)

Ären Uspriechpartner / Votre interlocuteur / Ihr Ansprechpartner
Crèche Stärenhaus

Chargée direction:
Marie-Jeanne STEYER
1 rue du Nord
L-3261 Bettembourg

Tel: +352 52 60 14 201
www.elisabeth.lu