Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben
Mir sichen een Educateur diplômé (m/w) 30 – 40 Stonnen/Woch CDI fir eise Jugendgrupp FIISS um Lampertsbierg ze verstäerken.
Am Grupp liewen jonk Leit tëscht 12 an 18 Joer. Si si Meedercher a Jongen a mir guidéieren se an hirem Alldag. Dat heescht, mir ënnerstëtzen déi Jonk an alle Beräicher, wéi Schoul, sozial Verhalen an Autonomie.
Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil
- Dir hutt een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom
- Dir sidd flexibel an den Aarbechtszäiten an kënnt Schichte schaffen
- Dir kennt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen
- Dir sidd motivéiert a wëllt mat jonke Leit schaffen
Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen
- Dës Plaaz fällt ënnert den SAS-Kollektivvertrag
- E multidisziplinäert Aarbechtsfeld
- Regelméisseg Weiderbildungen
- Gutt Teamatmosphär
Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn
- Casier judiciaire no 4 a 5
- Droit d’exercer
- Führerschäin Klass B
- Eischt Hëllefscour
Delai fir d’Kandidatur: 26.10.2023
Wann et fir Iech selbstverständlech ass, Kanner a Jonker ze betreien a mat hinnen zesummen di Zäit bei eis kreativ mat ze gestalten, da schéckt ons Är Kandidatur online eran.
(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL, GINN NET BERÜCKSICHTEGT)
Ären Uspriechpartner / Votre interlocuteur / Ihr Ansprechpartner
Jacques SCHLOESSERDirecteur
59A, avenue Victor Hugo
L-1750 Luxembourg
Tel. +352 46 21 31-1
jacques.schloesser@elisabeth.lu
www.elisabeth.lu