Eng Aide socio-familiale (m/w) 30-40 St/W CDI


Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben
  • Begleedung an Hëllefsstellung vun eise Bewunner am Alldag
  • Professionellt Betreien a Fleegen vun eise Bewunner no de Richtlinne vun eisem Fleege- an Betreiungskonzept
  • Eegenverantwortlecht an eegenstännegt Ëmsetzen vun deenen am Team geplangten fleegereschen an betreiereschen Moossnamen
  • Duerch d'Matwierken am Haus an am Wunnberäich dozou bäidroen, dass d'Bewunner sech bei eis wuelfillen.
Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil
  • Eng Ausbildung als Aide Socio-Familale oder an Formatioun sinn (m/w)
  • Beruffserfarung a Weiderbildungen am Beräich Fleeg a Betreiung vun eelere Mënschen
  • Kenntnisser an der lëtzebuergescher Sprooch (Niveau B2)
  • Basis-Computerkenntnisser (MS-Office)
  • Verantwortungsbewosstsinn (Grëndlechkeet, Suergfalt, Zouverlässegkeet, Eegeverantwortung an Dynamismus)
  • Teamfäegkeet, Kooperatiounsfäegkeet a Flexibilitéit
  • Wäertschätzung an Hëllefsbereetschaft
  • Bereetschaft sech mat a fir Mënschen ze engagéieren
Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen
  • 30-40 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
  • Dës Plaz fält ënnert de SAS-Kollektivvertrag
Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn
  • Casier judiciaire no 4
  • Führerschäi Klass B
  • Eischt Hëllefscours
Delai fir d'Kandidatur: 21.10.2021
Wann et fir Iech selbstvertändlech ass, eelere Mënschen ze hëllefen an
dozou bäizedroen, hiert Liewen bei ons angenehm ze gestalten, da schéckt
ons Är Online-Kandidatur.
Ären Uspriechpartner / Votre interlocuteur / Ihr Ansprechpartner
Foyer Ste Elisabeth - Bettembourg

Directeur:
Robert GINDT
4 rue de la Tannerie
L-3288 Bettembourg
Tel: +352 51 16 06 - 1
www.elisabeth.lu