Eng Aide-ménagère (m/w) 30-40 St/W CDI


Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben
  • Déi zougewisen Aufgaben am Haushaltsberäich erfëllen an domat d'Wuelbefanne vun de Bewunner ënnerstëtzen, fërderen an hir Sécherheet assuréieren
  • Matschaffen am Haushaltsberäich, deen am Kader vum Gesamtkonzept vum Haus organiséiert ass
  • Leeschtungen déi zougewise ginn, selbststänneg ausféieren (Aarbechtsofleef respektéieren)
  • Respektéiere vun den Hygiènesreegelen
  • Matschaffen a kloren, transparente Kommunikatiounsstrukturen
  • Aarbechtsmaterial richteg asetzen  
Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil
  • Erfarung am professionellen Botzen am Haushaltsberäich vun engem Altersheem oder ähnlechen Institutiounen ass vu Virdeel
  • Kenntnisser vun der Lëtzebuerger Sprooch si vu Virdeel
  • Verantwortungsbewosstsënn (Grëndlechkeet, Suergfalt, Zouverlässegkeet, Eegeverantwortung an Dynamismus)
  • Teamfäegkeet an Hëllefsbereetschaft
  • Bereetschaft sech mat a fir Mënschen ze engagéieren
  • Wäertschätzung a Kooperatiounsfäegkeet
  • Flexibilitéit  
Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen
  • 30-40 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
  • Dës Plazen falen ënnert de SAS-Kollektivvertrag
Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn
  • Casier judiciaire no 3

Delai fir d'Kandidatur: 30.06.2023

Wann et fir Iech selbstvertändlech ass, eelere Mënschen ze hëllefen an
dozou bäizedroen, hiert Liewen bei ons angenehm ze gestalten, da schéckt
ons Är Online-Kandidatur.
(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL, GINN NET BERÜCKSICHTEGT)
Ären Uspriechpartner / Votre interlocuteur / Ihr Ansprechpartner
Foyer Ste Elisabeth - Bettembourg



Directeur:

Robert GINDT

4 rue de la Tannerie

L-3288 Bettembourg



Tel: +352 51 16 06 - 1

www.elisabeth.lu