Eng Aide-ménagère (m/w) 20 St/W CDI


Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben
  • Remplacement am Nettoyage vun de Raimlechkeeten an der Spull an eisen Institutiounen an der Regioun Norden
  • Flexibel sinn a bereet sinn op Uruff ze schaffen: D'Auerzäiten sinn je no Institutioun an der een remplaçéiert  teschend 7.00 Moies an  21.00 Auer Owes.
  • Respektéieren a Kontroll vun den Hygiènesregelen (HACCP)
  • Iwwerwaachung a Sécherstellung vun der Offalltrennung
  • Geleeëntlech Mathëllef an der Plonge an beim Botzen op Fester, Receptiounen asw. am Kader vun den Aktivitéiten a Projetë
Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil
  • Weiderbildungen oder Erfarung als Aide-ménagère an enger Kannerinstitutioun ginn als Virdeel ugesinn
  • Gutt Kenntnisser a Formatiounen am Beräich vun der Hygiène (HACCP)
  • Mindestens 2 vun deenen 3 Landessprooche beherrschen (L/D/F), dovun obligatoresch Lëtzebuergesch
  • Autonomie a Verantwortungsbewosstsënn (Grëndlechkeet, Suergfalt, Zouverlässegkeet)
  • Team- a Kooperatiounsfäegkeet
  • Fäeg sinn alleng ze schaffen
  • Soziale „Feeling“ am Ëmgang mat Mataarbechter a Beschäftegungsmesuren
  • Flexibilitéit: d'Auerzäiten  an d'Plaatzen wiesselen  je no Bedarf un Remplacement
  • Ee Führerschäin Klass B an en eegenen Auto zur Verfügung hunn
Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen

  • 20 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit nom Artikel 9F
  • Dës Plaz fält ënnert de SAS-Kollektivvertrag
Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn
  • Casier judiciaire no 4 a 5
  • Führerschäin Klass B
  • Eischt Hëllefscours
Delai fir d'Kandidatur: 30.06.2023
Wann
et fir Iech selbstverständlech ass, Kanner a Jonker ze betreien a mat
hinnen zesummen di Zäit bei eis kreativ mat ze gestalten, da schéckt ons
Är Kandidatur online eran.
(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL GINN NET BERÜCKSICHTEGT)
Ären Uspriechpartner / Votre interlocuteur / Ihr Ansprechpartner
Responable Ménage