Een Infirmier (m/w) 40 St/W CDI


Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben
  • Sécheren, hierstellen a fërdere vu kierperlecher a geeschteger Gesondheet an dem Wuelbefanne vun den uvertraute Bewunner, déi an eisem Fleegeheem liewen, am Respekt vun hiren individuelle Biographien
  • Duerchféieren a Sécherstelle vun enger qualitativer Grond- a Behandlungsfleeg ( no den “Attributions  Infimiers”)
  • Duerchféiere vun enger professioneller Fleeg a Betreiung am Kader vum Gesamtkonzept vum Haus
  • Ëmsetzen an evaluéiere vun den individuelle Fleeg- a Betreiungspläng
  • Duerchféiere vun enger qualitativer Dokumentatioun a Leeschtungsnowäis
  • Duerchféiere vu biographesch orientéierten Aktivitéite fir d'Bewunner
  • Kommunizéiren ob eng kloer an transparent Aart a Weis
Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil
  • Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Infirmier (m/w)
  • Beruffserfarung a Weiderbildungen am Beräich Fleeg a Betreiung vun eelere Mënschen
  • Kenntnisser an der lëtzebuergescher Sprooch (Niveau B2)
  • Basis-Computerkenntnisser (MS-Office)
  • Verantwortungsbewosstsinn (Grëndlechkeet, Suergfalt, Zouverlässegkeet, Eegeverantwortung an Dynamismus)
  • Teamfäegkeet, Kooperatiounsfäegkeet a Flexibilitéit
  • Wäertschätzung an Hëllefsbereetschaft
  • Bereetschaft sech mat a fir Mënschen ze engagéieren
Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen
  • 40 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
  • Dës Plaz fält ënnert den SAS-Kollektivvertrag
Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn
  • Droit d’exercer
  • Casier judiciaire no 4
  • Führerschäin Klass B
  • Eischt Hëllefscours
Wann et fir Iech selbstvertändlech ass, eelere Mënschen ze hëllefen an
dozou bäizedroen, hiert Liewen bei ons angenehm ze gestalten, da schéckt
ons Är Online-Kandidatur.
Ären Uspriechpartner / Votre interlocuteur / Ihr Ansprechpartner
Maison de Soins Sacré-Coeur

Directrice f.f:
Tania THOMAS
18 rue de l'Hôpital
L-9244 Diekirch

Tel: +352 80 33 55 - 1
www.elisabeth.lu