Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben
- Dir sidd zoustänneg fir den Ënnerhalt vum Gebai, den techneschen, elektreschen a sanitären Installatiounen, den Alentouren a Fuhrpark.
- Dir initiéiert, koordinéiert, begleet, evaluéiert an dokumentéiert Prestatioune mat externe Firmen a Fournisseuren
- Dir féiert selwer Handwierksaarbechten a Reparaturen am a ronderëm Haus duerch.
- Dir assuréiert Uerdnung a Propretéit vum Site an den Alentouren a schafft aktiv mat un der Offallwirtschaft
- Dir geréiert Accès a Schlësselverwaltung vum Site, Zesummenaarbecht mat de Sécherheetsfirma
- Akaaf, Devis’en, Bestellungen, Liwwerungen, Stockage, Inventar an Entretien vu Mobilier an Hausequipement.
- Interne Gestioun vun Computer an Audiomaterial, Zesummenaarbecht mam dem Service Informatique
- Transportservicer fir Haus
- Dir sidd mat verantwortlech fir déi kollektiv Sécherheet vu Gebai, Bewunner a Mataarbechter an aktiv an der Organisatioun vun den Evakuatiounsübungen bedeelegt
- Dir bedeelegt Iech un der Organisatioun, Virbereedung u verschidden kollektiven Aktivitéiten am Haus (Saisonal Dekoratioun, Manifestatiounen a Reuniounen…)
- Alldeeglech Organisatioun vun den Aufgaben a Briefing an der Equipe vum Service Technique
- Dokumentatioun vun den Aarbechten
- All Är Aufgabe stinn an alldeeglecher enker Zesummenaarbecht mat de verschiddene Beruffsgruppen a Servicer.
Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil
- Een CATP / DAP an engem Handwierksberuff, als Elektriker (m/w) ass vu Virdeel
- Gutt Kenntnisser an diversen techneschen Beräicher a ganz gutt handwierklech Fäegkeeten.
- Beruffserfarung am Beräich Gestioun Haustechnik an Etablissementer ass vu Virdeel
- Déi 3 Landessprooche (L/D/F), woubäi Lëtzebuergesch eng Viraussetzung ass
- Gutt a confirméiert Computerkenntnisser (MS-Office)
- Führerschäin B
- Engagéiert fir perséinlech a kollektiv Verantwortung ze droen, Exaktheet, a Organisatiounssënn,
- Zouverlässegkeet, Disponibilitéit Flexibilitéit, an Diskretioun
- Grouss tëschemenlesch a kommunikativ Fäegkeeten an Teamgeescht
- Freed an Interessi an der Déngschtleeschtung am noe Kontakt fir eeler Mënschen ze schaffen
Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen
- 30-40 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
- Dës Plaz fält ënnert de SAS-Kollektivvertrag
Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn
- Casier judiciaire no 3+4
Delai fir d'Kandidatur: 30.03.2023
Wann et fir Iech selbstvertändlech ass, eelere Mënschen ze hëllefen an
dozou bäizedroen, hiert Liewen bei ons angenehm ze gestalten, da schéckt
ons Är Online-Kandidatur.
dozou bäizedroen, hiert Liewen bei ons angenehm ze gestalten, da schéckt
ons Är Online-Kandidatur.
(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL GINN NET BERÜCKSICHTEGT)
Ären Uspriechpartner / Votre interlocuteur / Ihr Ansprechpartner
Ste Elisabeth am ParkDirectrice:
Maggy ZIPFEL
19 av Emile Reuter
L-2420 Luxembourg
Tel: +352 27 45 - 1
www.elisabeth.lu