Een Erzéier (m/w/d) 40 St/W CDI


Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben
  • Sécheren an hierstelle vum Wuelbefanne vun den uvertraute Bewunner
  • Hëllef beim Encadrement an der Betreiung vun de Bewunner am Kader vum Gesamtkonzept vum Haus
  • Selbstänneg plangen, organiséieren, duerchféieren an evaluéiere vun Aktivitéiten fir d’Bewunner (individuell an/oder am Grupp)
  • Leeschtungen ausféieren anhand vun den individuelle Fleeg- a Betreiungspläng vun den uvertraute Bewunner
  • Durchféiere vun enger korrekter Dokumentatioun a Betreiungsbilanen
Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil
  • Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Erzéier (m/w)
  • Berufflech Erfarung am Beräich Geriatrie an Demenz ass vu Virdeel
  • Weiderbildungen am Beräich Fleeg a Betreiung vun eelere Menschen si vu Virdeel
  • Kenntnisser an der lëtzebuergescher Sprooch (Niveau B2)
  • Basis-Computerkenntnisser (MS-Office)
  • Verantwortungsbewosstsinn (Grëndlechkeet, Suergfalt, Zouverlässegkeet, Eegeverantwortung an Dynamismus)
  • Teamfäegkeet, Kooperatiounsfäegkeet a Flexibilitéit
  • Wäertschätzung an Hëllefsbereetschaf
  • Bereetschaft sech mat a fir Mënschen ze engagéieren
Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen
  • 40 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
  • Dës Plazen falen ënnert den SAS-Kollektivvertrag

Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn

  • Droit d’exercer
  • Casier judiciaire no 4
  • Führerschäi Klass B
  • Eischt Hëllefscours

Délai fir d’Kandidatur: 19.10.2024

Wann et fir Iech selbstvertändlech ass, eelere Mënschen ze hëllefen an dozou bäizedroen, hiert Liewen bei ons angenehm ze gestalten, da schéckt ons Är Online-Kandidatur.

(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL GINN NET BERÜCKSICHTEGT)

Ären Uspriechpartner / Votre interlocuteur / Ihr Ansprechpartner
Foyer Ste Elisabeth - Bettembourg

Directrice
Pascale Bleser
4 rue de la Tannerie
L-3288 Bettembourg

Tel: +352 51 16 06 - 1
www.elisabeth.lu