Een Erzéier (m/w) 20 St/W CDI


Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben

Aarbechtsfelder fir dës Plaz sinn:

E Kannergrupp (Kanner am Alter vun 0 bis 4 Joer)

Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil
  • Eng hei zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Erzéier (m/w)
  • Déi 3 Landessprooche beherrschen (L/D/F). Lëtzebuergesch ass eng Viraussetzung am Ëmgang mat de Kanner an den Elteren. Besonnesch auslännesch Kanner solle jo hei bei eis intégréiert ginn an dat geschitt och iwwert d’Sprooch. Si ass eng Basis fir dem Kand säin Erfolleg spéider hei an der Schoul
  • Gutt Kenntnisser vun der Entwëcklung vum Kand, besonnesch am Alter vun 0-4 Joer
  • Sech un konzeptuellen an theortesch pädagogeschen Iwwerleeungen bedeelegen kënnen, Kenntnisser vum nationalen Ramenplan a vun der Pikler-aproche kenne vu virdeel sinn.
  • Kontakter mat Elteren kënnen geréieren an Elteregespréicher leeden.
  • Ee gültegen Éischthellëfscours gemaach hunn
  • Gutt Computerkenntnisser (MS-Office); eng ganz Rei vun Dokumenter gi via PC tëschent den eenzelne Servicer vun der Crèche transféreiert. Et ass also wichteg, dass Dir eng gewësse Liichtegkeet am Ëmgang mam Computer hutt
Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen
  • 20 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
  • Dës Plaz fält ënnert de SAS-Kollektivvertrag

Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn

  • Droit d’exercer
  • Casier judiciaire no 4 a 5
  • Führerschäin Klass B
  • Eischt Hëllefscours

Delai fir d’Kandidatur: 20.06.2024

Wann et fir Iech selbstverständlech ass, Kanner a Jonker ze betreien a mat hinnen zesummen di Zäit bei eis kreativ mat ze gestalten, da schéckt ons Är Kandidatur online eran.

(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL GINN NET BERÜCKSICHTEGT)

Ären Uspriechpartner / Votre interlocuteur / Ihr Ansprechpartner
Kannerland - Foyer de Jour:



Chargée de direction:

Anne-Marie PICCO

59A av. Victor Hugo

L-1750 Luxembourg



Tel: +352 46 21 31 - 24

www.elisabeth.lu