Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben
- Opstellen vum pedagogeschem Konzept fir een zukünftege Jugendservice an de Gemeng Fréiseng
- Planung mat de Jonken, der Gemeng an de Partner vun enger neier Jugendstruktur
- Aktiv Jugendaarbecht um Terrain mat Jugendlechen tëscht 11 a 27 Joer
- Ëmsetzung vu Projeten an Aktivitéiten fir a mat Jonken
- Workshops an Informatiounsveranstaltungen plangen an duerchféieren
- Administratioun a Leedung vum neie Jugendservice
- Kommunikatioun mat der Gemeng an den zoustännege Ministère
- Vernetzung mat de Partner an Synergien ausbauen
- Dokumentatioun an Evaluatioun vun der Jugendaarbecht
Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil
- Eng Ausbildung als Educateur gradué (m/w/x) oder Niveau Bachelor am sozio-educative Beräich
- Déi 3 Landessprooche beherrschen (L/D/F).
- Erfarungen an der Jugendaarbecht si vu Virdeel
- No flexibelen Auerzäite schaffe kënnen
- Gutt Computerkentnisser (MS Office,..)
- Den Emgang mat aneren digitalen Applikatiounen ass vu Virdeel
Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen
- 30St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit mat Optioun fir bis zu 40St/W
- Een Aarbechtsëmfeld an engem jonken an dynameschen Team
- Suivi an Ënnerstëtzung bei der Ëmsetzung vun den Aufgaben am Alldag
- Divers Entwécklungsméiglechkeeten
- Dës Plaz fält ënnert den SAS-Kollektivvertrag
Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn
- Casier judiciaire no 4 a 5
- Führerschäin Klass B
- Éischt Hëllefscours
Delai fir d’Kandidatur: 15/12/2023
Wann et fir Iech selbstverständlech ass Jonker an hirer Entwécklung z’ënnerstëtzen, mat hinnen zesummen hier Zäit bei äis kreativ ze gestalten an d’Jugendaarbecht zukunftsorientéiert ze gestalten, da schéckt ons Är Kandidatur online eran
Ären Uspriechpartner / Votre interlocuteur / Ihr Ansprechpartner
Responsable Elisabeth Jeunesse:Daniel Strecker
25 ZAC Klengbousbierg - Bâtiment A
L-7795 Bissen
Tel. +352 621 50 50 81
www.elisabethjeunesse.lu