Een Direkter adjoint (m/w/d) 40 St/W CDI


Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben

Är Aufgaben / Är Missioun
Als Member vun der Direktioun vun der Yolande asbl, sidd Dir verantwortlech dofir, datt all d’Clienten héichwäerteg Leeschtungen a Servicer kréien, déi nom Konzept vun der Institutioun (Projet d’établissement) organiséiert sinn, an dobäi d’Bedierfnesser vun de Persounen déi opgeholl ginn, d‘gesetzlech Obligatiounen an och d’Wäerter vun eiser Betribsphilosophie respektéiert ginn.
An Zesummenaarbecht mam Direkter sidd Dir verantwortlech fir d’Gestioun vun de pedagogeschen, medezineschen a sozialen Erausfuerderunge vum Haus Am Klouschter zu Munneref (HAKM). Dir iwwerwaacht och d’administrativ, finanziell a logistesch Gestioun vun der Institutioun. Dir vertrëtt d‘HAKM an déi ganz Yolande asbl, souwuel intern wéi extern, a Koordinatioun mam Direkter.

Är Haaptresponsabilitéiten

  • Als Member vum Direktiounscomité vun der Yolande asbl identifizéiert Dir déi strategesch an operationell Prioritéite vum HAKM. Dir suergt fir eng adäquat an ugepassten Ëmsetzung an organiséiert eng strukturéiert Leedung vun den diversen Aktivitéiten.
    An Ofsprooch mam Direktiounsteam,
  • sidd Dir responsabel fir d‘Ëmsetzung vum Konzept vun der Institutioun (Projet d’établissement) am Alldag a suergt fir seng Evolutioun oder Adaptatioun un d’Bedierfnesser.
  • observéiert Dir d’Evolutioun vun de Bedierfnesser vu Mënsche mat intellektueller Beanträchtegung op lokalem, regionalem a nationalem Niveau, initiéiert a schafft Dir um Entwéckele vu Léisunge mat, an iwwerwaacht d’Ëmsetzung vun zentrale Projeten.
  • suivéiert Dir d’Ufroe fir Aschreiwungen, empfänkt d‘Clienten a suergt fir hir sozial Integratioun an den Institutiounen.
  • suergt Dir fir d’Ëmsetzung vum Liewensprojet an dem sozio-pedagogesche Begleedungsplang (PASP) vun all Client, mat dem Zil, säi Wuelbefannen a säi soziaalt Ëmfeld ze optimiséieren, duerch eng participativ an inklusiv Approche.
  • haalt Dir reegelméissege Kontakt mat den Usageren vum HAKM an hire Familljen a sidd Dir en opmierksamen Nolauschterer.
  • suergt Dir fir d’Respektéiere vu bewäerten sozio-pedagogesch, fleegereschen an therapeutesche Praktiken. Dir consolidéiert d’Konzept vun der Bientraitance an eng Qualitéitskultur, déi fäeg ass, d’Bedierfnesser vun den Usageren an och déi gesetzlech Ufuerderungen z’erfëllen.
  • steiert, adaptéiert a kontrolléiert Dir d’Qualitéitsapproche an de Risikemanagement a suergt fir d’Ëmsetzung vu Sécherheets-, Gesondheets- an Hygiènesmoossnamen, déi op d’Evolutioun vun de Bedierfnesser ugepasst sinn.
  • suergt Dir fir eng effizient Gestioun vun de multidisziplinären Equippen a favoriséiert en dynamescht a rouegt Aarbechtsklima, baséiert op Vertrauen an Dialog, am Respekt vun de Wäerter vun den Institutioune vun Elisabeth.
  • féiert Dir d’Entwécklung vun enger effizienter Formatiounspolitik fir all d’Mataarbechter weider.
  • fërdert Dir eng kloer a professionell Kommunikatioun mat de Verwaltungen an all eisen externe Partner.
  • fleegt Dir déi aktuell Partnerschaften a stäerkt d’Implicatioun vun der Yolande asbl an der Konstitutioun vu Reseauen („Networking“).
Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil
  • Dir hutt en Ofschloss an engem Héichschoulstudium (Bac+3 a méi).
  • Dir hutt Erfarung am Management an enger änlecher Funktioun zu Lëtzebuerg, hutt exzellent Fäegkeeten am „People Management“ a weist Charisma a Leadership, ergänzt duerch exzellent mënschlech Qualitéiten.
  • Dir sidd disponibel, flexibel a fäeg souwuel am Team wéi och autonom ze schaffen.
  • Dir hutt eng grouss Relatiounskompetenz a kënnt Iech un all Profil vu Gespréichspartner upassen.
  • Dir sidd eng vertrauenswäert Persoun mat exzellente Fäegkeete fir nozelauschteren a sidd fäeg d’Entwécklung vun den Aktivitéiten am Aarbechtsëmfeld ze antizipéieren.
  • Dir hutt e ganz gudde Sënn fir Organisatioun an Dialog souwéi eng Liichtegkeet beim Huele vun Decisiounen.
  • Dir sidd perseverant a riguréis.
  • Dir beherrscht Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch, souwéi déi üblech Büro- an Informatik-Tools. Dir hutt exzellent schrëftlech Fäegkeeten an den dräi genannte Sproochen.
Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen

Fir Iech bei dëser grousser Erausfuerderung z’ënnerstëtzen, garantéiere mir Iech d’Zesummenaarbecht mat der Direktiounsequipe vun der Yolande asbl an dem Grupp Elisabeth.
Dir kritt Zougang zu den Netzwierker vun Elisabeth (Fedas, Copas, Aarbechtsgruppen, Lenkungskomiteen, …).

  • Remuneratioun laut CCT SAS
  • Autonomie a Flexibilitéit bei der Aarbecht
  • Flexibel Aarbechtszäiten an Teletravail

Am Fall vun enger Ustellung gitt w.e.g. follgend Dokumenter of :

  • Casier judiciaire : Bulletin n° 4 an n° 5
  • Führerschäin B
  • Certificat vun engem Éischt Hëllef Cours

Kandidaturefrist : 15.10.2024

(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL GINN NET BERÜCKSICHTEGT)

Ären Uspriechpartner / Votre interlocuteur / Ihr Ansprechpartner
Institut St Joseph

Directeur :
HAPP Christian
2, rue de Wecker
L-6832 Betzdorf

Tel: +352 719 31 91
christian.happ@elisabeth.lu
www.elisabeth.lu