Een Directeur pédagogique (m/w) 40 St/W CDI


Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben

D’Services d’Aide à l’Enfance et à la Famille (SAEF) dat sinn:

  • 70 Plaze fir Kanner vun 0 – 18 Joer an Dag- an Nuechtwunngruppen
  • 30 Plaze fir jonk Erwuessener am betreite Wunnen
  • 300 Kanner a Familljen déi ambulant betreit ginn
  • Iwwert 200 Mataarbechter
  • 6 geographesch Siten am Land

D’Zil vun elisabeth Kanner a Familljenhëllef (eKFH) ass:

Kanner a Jonken ënnert erschwéierten Liewensbedéngungen

beschtméiglechst Entwécklungschancen bidden.
Är Veräntwertung:
  • Dir sidd an der Direktioun veräntwertlech fir déi pädagogesch Qualitéit vun de stationären an ambulante Servicer vun der eKFH, fir hir Entwécklung a permanent Weiderentwécklung
  • Den “directeur pédagogique” ass parallel och “directeur adjoint” vun der eKFH. An der Funktioun ersetzt en den Direkter an deem senger Ofwiesenheet.

Är Aufgaben:

  • Dir sidd zoustänneg fir d’Ausaarbechtung a Verschrëftlechung vun de pädagogesche Konzepter. Des beinhalten nieft den theoretesche Grondlagen och pädagogesch Qualitéitsstandards a Qualitéitscritèren fir d’Moossen vun der pädagogescher Qualitéit.
  • Dir sidd zoustänneg fir d’Weiderentwécklung vun de Servicer a vun hirer Qualitéit op Basis vun der Qualitéitskontroll déi fortlafend stattfënnt, vun der Weiderentwécklung vun de wëssenschaftlechen Erkenntnisser am Beräich vun der Pädagogik a vun der Entwécklung vun de Bedierfnisser vum Beräich vun der sozialer Aarbecht zu Lëtzebuerg.
  • Dir sidd zesummen mam Direkter vun der eKFH zoustänneg fir d’Personalpolitk. Dir këmmert iech do méi spezifesch em d’Definitioun vun de Profiler vun de Mataarbechter déi sollen agestallt ginn an em d’Weiderbildunge vun de Mataarbechter.
  • Dir vertrëtt eKFH an der CT Prestations vun der FEDAS a sidd dem Direkter säi Suppléant an der Plateforme AEF vun der FEDAS
  • Dir vertrëtt eKFH a verschiddenen elisabeth-internen an externen Gremien.

Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil
  • Eng Ausbildung op Masterniveau an der Pädagogik, Heil- oder Sonderpädagogik
  • Gutt sozial Kompetenzen am Ëmgang mat Kanner, Jonken an Erwuessenen
  • Gutt analytesch Kompetenzen
  • Eng offen, reflexiv a selbstreflexiv Aart-a-Weis fir u verschiddenaarteg Situatiounen erunzegoen
  • Exaktheet, Flexibilitéit an Zouverlässegkeet
  • Beruffserfahrung an enger leedender Funktioun a Kenntnisser vun der sozialer Aarbecht an hirem Ëmfeld, sinn een Virdeel
  • Wéinstens déi 3 Sproochen vum Land fléissend a Wuert a Schrëft beherrschen
  • Gutt Kenntnisser vun MS Office Programmer
Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen
  • 40 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäitab dem 1. Oktober 2021 oder no Ofsprooch
  • Dës Plazen falen ënnert den SAS-Kollektivvertrag
  • Eng “prime de responsabilité”
  • Weiderbildungen
Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn
  • Casier judiciaire no 4 a 5
  • Droit d'exercer ggf eng homologation
  • Führerschäin Klass B
  • Eischt Hëllefscour
Ären Uspriechpartner / Votre interlocuteur / Ihr Ansprechpartner
Jacques SCHLOESSER
Directeur
59A, avenue Victor Hugo
L-1750 Luxembourg
Tel. +352 46 21 31-1
jacques.schloesser@elisabeth.lu
www.elisabeth.lu