Een Assistant social (m/w) 20-40 St/W CDI


Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben
Elisabeth Kanner- a Familljenhëllef schafft mat Kanner, Jugendlechen a jonken Erwuessenen vun der Gebuert bis zum Alter vu 27 Joer.
An eise Wunngruppen bidde mir eng Dag- an Nuechtbetreiung un fir Kanner a Jugendlecher tëscht 0 an 18 Joer, déi aus verschiddene Grënn net kënne bei hiiren Elteren liewen. Mir erstellen mat all Kand a Jugendlechen een individuellen Projet a schaffen esou wäit wéi méiglech ëmmer enk mat den Elteren an aneren Hëllefsdéngschter zesummen. Mir hunn och Gruppen vun onbegleete, mannerjährege Jonken, déi ouni Famill bei eis an d'Land komm sinn an hei eng Ufro fir internationale Schutz stellen.
Eisen ambulanten Déngscht bidd individuell Hëllef a Förderung un fir Kanner mat spezifeschen Bedierfnisser, énnerstétzt Elteren an den Erausfuerderungen vun der Erzéiung a betreit Kanner a Jonker psychologesch fir hiir emotional Gesondheet ze verbesseren an z'erhalen.
Fir jonk Erwuessener tëscht 18 a 27 Joer, bidde mir betreit Wunnen, entweder individuell oder a klenge Wunngemeinschaften un, an énnerstétzen sie op hiirem Wee an d'Selbststännegkeet.
  • Gestioun vun den Plazen an den Wunnstrukturen an am Betreite Wunnen
  • Allgemeng Berodung an Orientatioun  
  • Koordinatioun, Suivi an Ennerstëtzung vu Jonken a Familljen an administrativen a sozialen Démarchen  
  • Ënnerstëtzung vun Elteren bei der Stabiliséierung vun hirer perséinlëcher, sozialer a familiärer Situatioun an der Organisatioun vun hirem Alldaag
  • Kontaktpersoun sinn fir d’Familljen, d’Kanner an hirt professionnelt Netzwierk
  • Begleedung an Ënnerstëtzung vun onbegleete, mannerjährege Jonken an hirer Ufro fir internationale Schutz
  • Schreiwen vu verschiddene Rapport‘en
Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil
  • Eng hei zu Lëtzebuerg unerkannten Ausbildung als Assistant social (m/w)
  • Berufflech Erfarung am Beräich Kanner- a Jugendschutz as vu Virdeel
  • Weiderbildungen am Beräich “Kanner a Jugend” si vu Virdeel
  • Basis-Computerkenntnisser (MS-Office);
  • Verantwortungsbewosstsinn (Grëndlechkeet, Suergfalt, Zouverlässegkeet, Eegeverantwortung an Dynamismus)
  • Wertschätzung a Kooperatiounsfäegkeet
  • Flexibilitéit
  • Teamfähegkeet an Hëllefsbereetschaft
  • Kenntnisser vum Lëtzebuergeschen a Franséischen si Viraussetzung
Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen
  • 20-40 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
  • Dës Plaz fält ënnert den SAS-Kollektivvertrag
  • Mobil Aarbechtszäit
  • D'Aarbechtsplaz ass schwéierpunktméisseg am Süden vum Land (Esch/Uelzecht)
Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn
  • Casier judiciaire no 4 a 5
  • Führerschäin Klass B
  • Eischt Hëllefscours
Delai fir d'Kandidatur: 01.06.2023
Wann
et fir Iech selbstverständlech ass, Kanner a Jonker ze betreien a mat
hinnen zesummen di Zäit bei eis kreativ mat ze gestalten, da schéckt ons
Är Kandidatur online eran.
(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL GINN NET BERÜCKSICHTEGT)
Ären Uspriechpartner / Votre interlocuteur / Ihr Ansprechpartner
Directeur

Jacques SCHLOESSER
Directeur
59A, av. Victor Hugo
L-1750 Luxembourg

Tel. +352 46 21 31 - 1
www.elisabeth.lu