Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben
Är Responsabiliteit:
Als Responsabel Qualitéit sidd dir responsable fir de Service Qualitéit vum Grupp elisabeth an ënnerstitt direkt der Generaldirektioun.
Är Missioun:
- Dir superviséiert an participéiert un der Entwécklung vun der Qualitéitskultur an de verschiddenen Institutiounen
- Dir erstellt an suivéiert de Qualitéitsmanagement vun der Apollonia S.A. sis
- Dir superviséiert an participéiert un der Weiderentwécklung vun der Gestioun vun de Risiken
Är Aktivitéiten:
- An Ofsprooch mam Qualitéitscomité, erstellt/entwéckelt dir a maacht de Suivi vun der Gestioun vun den Risken, déi eng koherent Strategie fir d’Qualitéit an der elisabeth reflektéiert
- Dir sidd den Haaptinterlocuteur vum Qualitéits- a vum Direktiounscomité a schafft enk mat dëse Memberen zesummen, fir d’Ëmsetzung a Koordinatioun vun de Projet’en, fir d’stänneg Verbesserung vun der Qualitéit an den Evaluatiounen
- Dir stellt dem Qualitéits- an dem Direktiounscomité all d’Informatiounen zur Verfügung, déi an den Aarbechtsgruppen entstinn an néideg si fir di global Gestioun vun der Qualitéitsdémarche weiderzeféieren
- Dir begleet a berot d’Direktiounen an di professionell Equippen, an der Elaboratioun an der Ëmsetzung vu de verschiddene Methodologien, Outil’en, Qualitéitsindikatoren, Kennzuelen, Dokumentatiounen an Prozesser
- Dir maacht intern Evaluatiounen fir kollektiv d’Stäerkten an d’Schwaachpunkte festzehalen, d’Prioritéite fir Verbesserung festzeleeë an de verschiddenen Organisatiounniveau’en
- Dir representéiert elisabeth an Aarbechtsgruppen, déi am Sozialsecteur zu verschidden Thematiken ugebueden ginn
Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil
Diplom vun enger Formatioun am Domaine vun der Qualitéit an der Gestioun vun de Risiken
- 5 Joer Expertise am Qualitéitsmanagement mat enger professioneller Erfarung an der Ëmsetzung vun dëser Demarche kënne vu Virdeel sinn
- Kenntnisser an Erfarung am Sozialsecteur kënne vu Virdeel sinn
- Gutt Kenntnisser vun de MS-Office Programmer
- Beherrsche vun den 3 Haaptsprooche vum Land: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
Savoir-faire:
- Ganz gutt Kenntnisser vun den Outil’en an de Methode vum Qualitéitsmanagement
- Gutt Notiounen an der Begleedung vum Changement
- Beherrsche vun de Technike fir Kommunikatioun, Verhandlungen an der Animatioun vu Gruppen
- Capacitéite fir di sektoriell a reglementaire Evolutioun vun der Qualitéit z’analyséieren
- Kenntnisser vun de Technike fir Enquêten, Recherchë a Dokumentatioun ze maachen
Savoir-être:
- Sënn fir den Dialog an d’Kommunikatioun, aktiv Nolauschtere kënnen an excellent Relatioune mat de Leit féiere kënnen
- Pedagogie, Flexibilitéit a Fermetéit fir z’iwwerzeegen
- Capacitéite fir d’Schwaachstellen z’analyséieren, ze reperéieren an z’erklären
- Grouss Disziplin fir Methodologie an Organisatioun
- Capacitéit fir Prioritéite kënnen ze definéieren
- Gutt redaktionell Qualitéiten
- Capacitéit fir sech virun engem villfältege Public auszedrécken (Public den zur Organisatioun gehéiert oder net zur der Organisatioun gehéiert)
Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen
- 40 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
- Eng direkt Ustellung oder no Ofsprooch
- Méiglechkeet un Formatiounen deelzehuelen
Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn
- Casier judiciaire no 3
Ären Uspriechpartner / Votre interlocuteur / Ihr Ansprechpartner
Apollonia sa sisResponsable Ressources Humaines:
Anja REHLINGER
33 bd Joseph ll
L-1840 Luxembourg
Tel: +352 45 07 74 - 1801
www.elisabeth.lu

