Ee Psycholog (m/w) 20-40 St/W CDI


Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben
  • Psychologesch Berodung a Psychotherapie vu Kanner tëscht 0 an 12 Joer, déi verschidden Typpen vun Entwécklungsverzögerungen oder Traumata opweisen a vun hiren Elteren
  • Psychologesch Berodung a Psychotherapie vu Jugendlechen a jonken Erwuëssenen tëscht 12 a 27 Joer déi verschidde Traumata opweisen
  • Berodung a Begleedung vun Elteren an Erzéiungsfroen
  • Berodung vun Erzéier aus den Dag- an Nuechtwunngruppen wou verschidde vun dëse Kanner a Jonken opgeholl sinn
  • Zesummenaarbecht mat anere Professionellen a Verwaltungen
  • Erstelle vu Berichter an Dokumentatioun
Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil
  • Eng hei zu Lëtzebuerg unerkannten Ausbildung als Psycholog (m/w)
  • Mindestens 3 Joer Beruffserfarung
  • Weiderbildungen am Beräich “Trauma” si vu Virdeel
  • Basis-Computerkenntnisser (MS-Office)
  • D'Beherrschen vun den 3 Landessproochen Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch (wéinsdens mëndlech) ass Viraussetzung
  • Verantwortungsbewosstsinn (Grëndlechkeet, Suergfalt, Zouverlässegkeet, Eegeverantwortung an Dynamismus)
  • Wertschätzung a Kooperatiounsfäegkeet
  • Flexibilitéit 
  • Teamfäegkeet an Hëllefsbereetschaft
  • Bereetschaft sech mat a fir Kanner a Jonker ze engagéieren
Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen
  • 20-40 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
  • Dës Plazen falen ënnert den SAS-Kollektivvertrag
Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn
  • Casier judiciaire no 4 a 5
  • Führerschäin Klass B
  • Eischt Hëllefscours
Delai fir d'Kandidatur: 30.06.2023
Wann
et fir Iech selbstverständlech ass, Kanner a Jonker ze betreien a mat
hinnen zesummen di Zäit bei eis kreativ mat ze gestalten, da schéckt ons
Är Kandidatur online eran.
(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL GINN NET BERüCKSICHTEGT)
Ären Uspriechpartner / Votre interlocuteur / Ihr Ansprechpartner
Jacques SCHLOESSER
Directeur
59A, avenue Victor Hugo
L-1750 Luxembourg
Tel. +352 46 21 31-1
jacques.schloesser@elisabeth.lu
www.elisabeth.lu