Ee Mataarbechter fir de Wäschbuer (m/w/d) 40 St/W CDD


Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben
  • Schaffen an alle Beräicher vun der Wäscherei: Belueden an Entluede vun de Maschinen, Schaffen un der Mangel a Strecken op professionnelle Maschinen, Sortéieren a Faale vun der Wäsch, Apake vun der Wäsch
  • An alle Prozesser, zesummeschaffe mat Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung
Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil

Äre Profil :

  • Dir schafft gären a gutt am Team
  • Dir sidd flexibel an upassungsfäeg
  • Dir sidd belaaschtbar a physesch fit
  • Dir hutt Grondkenntnisser an der PC-Aarbecht
  • Dir schwätzt lëtzebuergesch
  • Dir hutt Interessi un der Zesummenaarbecht mat Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung
Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen
  • 40 St/W Aarbechtskontrakt op begrenzten Zäit (6 Méint)
    Eng interessant an ofwiesselungsräich Aarbecht
  • Schaffen an engem modernen an dynamesche Betrib an deem Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung schaffen
  • Schaffen op dem neiste Stand vun der Technik
  • Bezuelung an Aarbechtskontitiounen laut Kollektivvertrag aus dem Sozialen Secteur

Delai fir d’Kandidatur: 25.7.2024

Wann et fir Iech selbstvertändlech ass, Mënsche mat Beanträchtegung ze hëllefen an dozou bäizedroen, hiert Liewen bei ons angenehm ze gestalten, da schéckt ons Är Online-Kandidatur.

(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL GINN NET BERÜCKSICHTEGT)

Ären Uspriechpartner / Votre interlocuteur / Ihr Ansprechpartner
Institut St Joseph
Centre pour Personnes Handicapées

Directeur:
Christian Happ
2 rue de Wecker
L-6832 Betzdorf

Tel: +352 71 93 19 - 1
www.elisabeth.lu