Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben
- Alldeeglech Produktioun an Distributioun vum Mëttegiessen an diversen Dagesstrukturen fir Kanner vun
- 0 bis 12 Joer mat zousätzlech enger Collatioun am Moien an enger anerer am Nomëtten
- Geleeëntlech Organisatioun a Gestioun ronderëm d ‘Iessen op Fester, Receptiounen asw. am Kader
- vun den Aktivitéiten a Projete vun der Maison Relais an Crèche
- Menüen opstellen, plangen, preparéieren a garantéieren, dëst a gréisstméiglecher Autonomie an awer
- am Aklang mam hausinterne Konzept iwwert gesond a kannergerecht Iessen
- Altersgerecht Preparatioun vum Iesse mat enger rigouréiser Gestioun vu spezielle Menüen fir eventuell
- Kanner mat Allergien asw.
- Respekt a Kontroll vun den Hygiène reegelen (HACCP)
- Iwwerwaachung a Sécherstellung vun der Offalltrennung
- Commanden opginn
- Leede vun der Kichenequipe
Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil
- Eng zu Lëtzebuerg unerkannten Ausbildung als Kach (m/w)
- Berufflech Erfarung vu mindestens 3 Joer
- Weiderbildungen am Beräich Enfance et Jeunesse sinn obligatoresch
- Gutt Kenntnisser vu gesonder a equilibréierter Ernährung, besonnesch am Beräich vun der
- Kannerernährung
- Soziale “Feeling” am Ëmgang mat de Mataarbechter
- Basis-Computerkenntnisser (MS-Office)
- Kenntnisser vum Lëtzebuergeschen si Viraussetzung
- Verantwortungsbewosst sinn (Grëndlechkeet, Suergfalt, Zouverlässegkeet, Eegeverantwortung an
- Dynamismus)
- Wäertschätzung a Kooperatiounsfäegkeet
- Flexibilitéit
- Teamfäegkeet an Hëllefsbereetschaft
- Bereetschaft sech mat a fir Kanner a Jonker ze engagéieren
Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen
- Dës Plaz gesäit een 40 St/W Aarbechtskontrakt vir
- De Kontrakt ass op onbegrenzten Zäit
- Eng Ustellung fir spéitstens ab dem 2. Januar 2023
- Dës Plaz fält ënnert den SAS-Kollektivvertrag a gëtt an der Carrière C3 bezuelt
Delai fir d ‘Kandidatur: 13.08.2022
Ären Uspriechpartner / Votre interlocuteur / Ihr Ansprechpartner
Coordinateur sécurité alimentaire:Daniel ZEIMETZ
48A, avenue Gaston Diderich
L-1420 Luxembourg
Tel. +352 450774 - 6029
www.elisabeth.lu