Ee Kach (m/w) 30-40 St/W CDD


Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben
  • Mattschaffen am Service Restauratioun vun eisem Haus an dozou bäidroen, dass eis Bewunner an engem angnehmen, flotten, dem eelere Mensch ugepasste Kader hiren Iessgewunnegten kënnen nogoen.
  • Préparéieren,  Kachen an Servéieren vum Iessen, dat an eiser Kichen hiergestallt gëtt.
  • Dem eelere Mensch senge Bedürfnisser a Gewunnechten ugepasste Moolzechten, frësch a regional Produkter, uspriechend preparéiert Platen si wichteg.
  • Qualitéitskritären vun eisem Service Restauratioun respektéieren
  • Eis Bewunner an domat déi eeler Menschen an deem Sënn begleeden an hinnen zu Hëllef stoen, andeems si decidéiere kënnen, an domat dem Leitsatz vun eisem Haus: „Je participe aux choix de ma vie“ gerecht ginn
  • Preparatiounen maache fir d’Produktioun (Menu, Owesiessen)
  • Preparatiounen maachen fir d’Verdeelung an  den Service (Buffet, Zëmmerservice…)
  • Produktioun vun Pâtisserien
  • Hëllefen beim Servéieren
  • Kontrollen an Aarbechten am Kader vum HACCP duerchféieren an dokumentéieren
  • Erleedege vun Kichenaufgaben
  • Matschaffen an engem interprofessionnellen Team
Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil
  • Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Kach (m/w)
  • Beruffserfahrung am Beräich Geriatrie as vu Virdeel
  • Weiderbildungen am Beräich Restauratioun si vu Virdeel
  • Kenntnisser vum Lëtzebuergeschen si Viraussetzung
  • Verantwortungsbewosstsinn (Grëndlechkeet, Suergfalt, Zouverlässegkeet, Eegeverantwortung an Dynamismus)
  • Organisatiouns-, Kommunikatioun-, a Sozialkompetenz
  • Teamfähegkeet an Hëllefsbereetschaft
  • Bereetschaft sech mat a fir Menschen ze engagéieren
Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen
  • 30-40 St/W Aarbechtskontrakt op begrenzten Zäit
  • Dës Plaz fällt ënnert de SAS-Kollektivvertrag
Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn
  • Casier judiciaire no 4
  • Führerschäin Klass B
  • Eischt Hëllefscours

Delai fir d'Kandidatur: 30.06.2023

Wann et fir Iech selbstvertändlech ass, eelere Mënschen ze hëllefen an
dozou bäizedroen, hiert Liewen bei ons angenehm ze gestalten, da schéckt
ons Är Online-Kandidatur.
(KANDIDATUREN OP PABEIER DER PER MAIL GINN NET BERÜCKSICHTEGT)

Ären Uspriechpartner / Votre interlocuteur / Ihr Ansprechpartner
Foyer Ste Elisabeth - Bettembourg
Directeur: Robert GINDT
4 rue de la Tannerie
L-3288 Bettembourg

Tel: +352 51 16 06 - 1
E-Mail: fseb@elisabeth.lu
www.elisabeth.lu