Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben
Aarbechtsfelder fir dës Plaz sinn:
- Leedung a Weiderentwécklung vun engem Team vun Mataarbechter
- Erstellen vun Dokumenter zur Alldagsorganisatioun an zur Struktur vum Grupp
- Ennerstëtzung vun de Mataarbechter bei erzéiereschen a sozialpädagogeschen Froën zur Aarbecht am Grupp
- Zesummenaarbecht mat der Direktioun vum EKFH
- Dag- an Nuëchtbetreiung a -begleedung vun engem Grupp vun mannerjähregen, onbegleeten Flüchtlingen zu Ëlwen (Troisvierges)
- Eenzel- oder Gruppenaktivitéiten mat de Jugendlechen
- Schoulénnerstëtzung vun de Jugendlechen
- Sozial Ennerstétzung vun de Jugendlechen
- Zesummenaarbecht mat aneren Professionnellen a Verwaltungen
- Erstellen vu Berichter an Dokumentatioun
Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil
- Eng hei zu Lëtzebuerg unerkannten Ausbildung als Graduéierten Erzéier/Sozialpädagog oder gläichwerteg
- Erfahrung an deem uëwen genannten Aarbechtsfeld ass vu Virdeel
- Autonom an an enger Equipe schaffe kënnen
- No flexibelen Auerzäite schaffe kënnen
- Déi 3 Landessprooche (L/D/F) an Englesch beherrschen. Kenntnisser am Arabeschen oder Perseschen si vun Viirdeel.
- Gutt Computerkenntnësser (MS-Office) si vu Virdeel
- Empathie a Versteesdemech fir d'Situatioun vun deene Jonken
- Dynamismus an Engagement
- Verantwortungsbewosstsënn a Selbstreflexioun
Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen
- 40 St/W Aarbechtskontrakt op begrenzten Zäit
- Dës Plaaz fällt ënnert den SAS-Kollektivvertrag
Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn
- Casier judiciaire no 4 a 5
- Droit d'exercer (ggf)
- Führerschäin Klass B
- Eischt Hëllefscours
Delai fir d'Kandidatur: 15.10.2021
Wann
et fir Iech selbstverständlech ass, Kanner a Jonker ze betreien a mat
hinnen zesummen di Zäit bei eis kreativ mat ze gestalten, da schéckt ons
Är Kandidatur online eran.
Ären Uspriechpartner / Votre interlocuteur / Ihr Ansprechpartner
Jacques SCHLOESSERDirecteur
59A, avenue Victor Hugo
L-1750 Luxembourg
Tel. +352 46 21 31-1
jacques.schloesser@elisabeth.lu
www.elisabeth.lu

