Ee Gestionnaire SIRH (m/w/d) 40 St/W CDI


Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben
  • Dir hëlleft d’SIRH Applicatiounen weider ze entwéckelen an analyséiert a definéiert Besoinen
  • Dir forméiert d’Utilisateure fir an de Systemer efficace kënne ze schaffen a gidd hinnen déi néideg Ënnerstëtzung
  • Dir ënnerstëtzt a berot eis Direktiounen, souwéi d’Equipe RH fir de Suivi vun hire Mataarbechter z’erliichteren
  • Dir bereet Statistike vir a stellt den Direktiounen déi neidesch Informatioune zur Verfügung fir hir Equippen ze steieren
  • Dir optimiséiert RH-Prozesser a schafft un der Qualitéit vun eise Donnéen
  • Dir huelt aktiv u verschidden Projetë am Service Ressources Humaines deel
Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil
  • Dir hutt een ofgeschlossene Diplom de fin d’études secondaires oder equivalent a konnt eng éischt berufflech Erfarung mat SIRH Systemer sammelen
  • Dir hutt Liichtegkeet am Ëmgang mam Computer (MS Excel) a kennt iech idealerweis mat engem oder mei vun eisen RH Systemer aus (PEP, PERSIS an WISAL)
  • Dir schwätzt Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
  • Dir sidd Teamfäeg, a kënnt iech u verschidden Uspriechpartner upassen
  • Dir hutt analytesch Fäegkeeten an hutt Liichtegkeet mat Zuelen ëmzegoen
Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen
  • 40 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
  • Ustellung ab direkt
  • Dës Plaz fällt ënnert den SAS-Kollektivvertrag a gëtt an der Carrière C4 bezuelt
  • Méiglechkeet un internen an externen Formatiounen deel ze huelen
  • Flexibel Aarbechtszäiten

Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn

  • Casier judiciaire no 3

Delai fir d’Kandidatur: 21.03.2024

(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL, GINN NET BERÜCKSICHTEGT)

Ären Uspriechpartner / Votre interlocuteur / Ihr Ansprechpartner
Apollonia SA S.I.S
Carole Huberty
Responsable Ressources Humaines
33 bd Joseph ll
L-1840 Luxembourg

Tel: +352 45 07 74 - 1801
carole.huberty@elisabeth.lu
www.elisabeth.lu