Ee Gestionnaire Salaires (m/w) 40 St/W CDI


Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben
–    Gestioun a Suivi vun de Personaldossieren
  • Erstellen a Suivi vun Aarbechtskontrakter
  • Gestioun a Fleeg vu Personaldaten an der Personaldatebank
  • Féiere vu Korrespondenz déi am Service ufält
  • Administrative Suivi vun den Depart’en
  • Gestioun vun den internen an externe Reklassementer
–    Gestioun vun de Salaire’en
  • Preparatioun vun de Salaire’en : Kollekt a Kontroll vun den Donnée’n (Aarbeschtszäiten, Congé’en, Maladies,…)
  • Berechne vu Paien an Ausstelle vu Paifichen
  • Gestioun vun de Saisien a Cessiounen
  • Remboursementsufro’en fir Congé éducation, Congé politique, salariés handicapés, asw. 
  • Preparatioun vun den Donnée fir d’Erstelle vun den Decompte fir déi eenzel Administratiounen a Ministèren
  • Kontaktpersoun si fir déi verschidden Institutioune fir Froe betreffend     d’Aarbechtsrecht, de Kollektivvertrag, d’Sécurité sociale,..
              Dës Lëscht ass net exhaustiv.
Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil
  • Een Diplom Niveau BAC
  • 3 Joer Erfarung an der Paieberechnung as e Virdeel
  • Kenntnisser vun der lëtzebuerger Legislatioun am Beräich vun der Paieberechnung, de Steieren, der Sécurité sociale an dem Aarbechtsrecht
  • Kenntnesser vum SAS Kollektivvertrag si vu Virdeel 
  • Déi 3 Landessproochen (L/D/F) beherrschen 
  • Gutt Organisatiounsfäegkeeten, Grëndlechkeet an Exaktheet 
  • Initiativgeescht a Verantwortungsbewosst 
  • Teamfäegkeet a Kollegialitéit
Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen
  • 40 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
  • Eng direkt Ustellung oder no Ofsprooch
  • Méiglechkeet un Formatiounen deelzehuelen
  • Dës Palz fält ënnert den SAS-Kollektivvertrag a gëtt maximal an der Carrière C4 bezuelt
Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn
  • Casier judiciaire no 3

Delai fir d'Kandidatur: 27.04.2023

(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL, GINN NET BERÜCKSICHTEGT)
Ären Uspriechpartner / Votre interlocuteur / Ihr Ansprechpartner
Apollonia SA sis

Responsable Ressources Humaines:
Anja REHLINGER
33 bd Joseph ll
L-1840 Luxembourg

Tel: +352 45 07 74 - 1801
www.elisabeth.lu