Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben
Dir schafft am Département Contrôle de Gestion, Dir sidd responsabel vu verschiddene Gesellschafte vum Grupp a rapportéiert direkt un d'Generaldirektioun.
D'Finanzsituatioun vu verschiddene Gesellschafte vum Grupp suivéieren:
- d'Opstelle vun annuellen a pluriannuelle Budgeten
- d’Suivéieren an d’Analyséiere vun der monatlecher Finanzsituatioun vun deene verschiddenen lnstitutioune vum Grupp Elisabeth, Projektiounen a Propositioune maachen, ee monatleche Bericht un d'Direkteren an d'Generaldirektioun erstellen
- d’Erstellen an d’Suiveiere vun den néidegen lndicateuren a Statistiken
D’Finanzanalyse vun neie Projeten a Gesetzestexter:
- nei Gesetzestexter déi ee finanziellen lmpakt op d'Gesellschafte vum Grupp Elisabeth hu suivéieren, analyséieren an doropshi Virschléi maachen
- Etüd vun der Machbarkeet a Rentabilitéit vun neie Projeten
Koordinéieren tëschent internen an / oder externe Partner
Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil
- Ee Bachelor oder Master Diplom an der Ekonomie, de Finanzen oder der Mathematik mat e puer Joer Beruffserfarung
- Praxiserfarung an der genereller an analytescher Comptabilitéit
- Exzellent Computerkenntnësser a ganz besonnesch am Excel
- Déi 3 Landessprooche, Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch, beherrschen
- Exzellent analytesch, syntheetesch a redaktionell Fäegkeeten
- Exaktheet, Flexibilitéit an Organisatiounssënn
- Kooperatiouns- a Motivatiounsgeescht
- Autonom Schaffen, Teamfäegkeet an Anhale vun Delaien
- Kenntnësser vum Lëtzebuerger Sozialsecteur si vu Virdeel
Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen
- 40 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
- Dës Plaz fällt ënnert den SAS-Kollektivvertrag
- Méiglechkeet un internen an externen Formatiounen deel ze huelen
- Villfälteg ofwiesslungsräich Aarbecht an engem dynameschen Ëmfeld
- Flexibel Aarbechtszäiten
- Télétravail
Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn
- Casier judiciaire no 3
Delai fir d'Kandidatur: 30.06.2023
(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL, GINN NET BERÜCKSICHTEGT)
Ären Uspriechpartner / Votre interlocuteur / Ihr Ansprechpartner
Apollonia SA S.I.SCarlo FRIOB
Directeur Général Adjoint
22 bd Joseph ll
L-1840 Luxembourg
Tel: +352 45 07 74 - 1
www.elisabeth.lu