Ee Chef d'Atelier Bäckerei (m/w) 40 St/W CDI


Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben
D’Yolande Coop sicht fir säin atelier d’inclusion professionnelle Bakstuff « Klouschterbrout » zu Mondorf-les-Bains en neie Chef d'atelier.
Disponibiltéit: 1. Semester 2023
  •  Gestioun vun der Bäckerei a senge Mataarbechter:innen
  • Organisatioun vun der Produktioun an den Ofleef an der Bäckerei
  • Matschaffen an der Produktioun vu Brout, Kichelcher, Viennoiserie, Pâtisserie a pains surprises
  • Encadrement vun den Mataarbechter mat enger intellektueller Beanträchtegung
  • Gestioun vum Stock vum Atelier a Kontakt mat den Fournisseuren
Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil
  • DAP Bäcker-Pâtissier
  • Brevet de Maîtrise gëtt als Virdeel consideréiert
  • Erfarung an der Pâtisserie ass Viraussetzung
  • Dir hutt mind. 5 Joer Erfarung an der Produktioun vun enger Bäckerei oder an der Patisserie
  • Dir hutt Erfarung an der Leedung vun enger Bäckerei
  • Dir sidd motivéiert, zouverlässeg a responsabel
  • Dir schafft selbstänneg, huelt Initiativen a bréngt nei Iddien an den Atelier
  • Dir hutt e gudden Ëmgang mat Clienten
  • Dir hutt en éierlechen Interessi un der Zesummenaarbecht mat Mënschen mat enger intellektueller Beanträchtegung a wësst si aktiv an d’Aarbechtsprozesser mat anzebannen
  • Dir schwätzt fléissend Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch
Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen
  • Kreativt Ausschaffe vun neie Produiten
  • Eng interessant an ofwiesslungsräich Aarbecht
  • Schaffen an engem klengen Team mat kuerze Weeër
  • Schaffen an engem modernen an dynameschen Betrib an dem Mataarbechter mat enger intellektueller Beanträchtegung an engem betreiten Ëmfeld schaffen
  • Bezuelung nom CCT-SAS

(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL GINN NET BERÜCKSICHTEGT)

Ären Uspriechpartner / Votre interlocuteur / Ihr Ansprechpartner
Yolande Coop SIS

Directrice:

Maud HANSEN

6, Avenue Marie-Adelaïde

L-5635 Mondorf-les-Bains

coop@elisabeth.lu

www.elisabeth.lu

www.yolandecoop.lu