Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben
- D'Leedung vum SEA An de Wolleken zu Duelem
Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil
- Eng zu Lëtzebuerg unerkannten Ausbildung mat Minimum Niveau Bac+3 am socio-éducative Beräich (Educateur gradué, Sozialpädagog, etc)
- Eng Beruffserfarung vu 5 Joer a Kenntnisser an der Leedung vun engem Grupp kënne vu Virdeel sinn
- Déi 3 Landessprooche beherrschen (L/D/F). Lëtzebuergesch ass eng Viraussetzung am Ëmgang mat de Kanner an den Elteren. Besonnesch auslännesch Kanner solle jo hei bei eis integréiert ginn an dat geschitt och iwwert d'Sprooch. Si ass eng Basis fir dem Kand säin Erfolleg spéider hei an der Schoul.
- Gutt Kenntnisser vun der Entwécklung vum Kand, besonnesch am Alter vun 3-12 Joer
- Gutt Kenntnisser vum “Nationaler Rahmenplan zur non-formalen Bildung im Kindes- und Jugendalter” a vum Konzept vun elisabeth fir den Service d’éducation et d’accueil
- Ee gültegen Éischthëllefscours gemaach hunn
- No flexibelen Auerzäite schaffe kënnen (d’ Maison Relais ass am Prinzip vu moies 07.00 Auer bis owes 19.00 Auer op)
- Gutt Computerkenntnisser (MS-Office); eng ganz Rei vun Dokumenter gi via PC tëschent den eenzelne Servicer vun der MR transféreiert. Et ass also wichteg, dass Dir eng gewësse Liichtegkeet am Ëmgang mam Computer hutt
- Eng grouss Motivatioun fir an engem Beräich, dee sech stänneg weiderentwéckelt, Responsabilitéit ze iwwerhuelen
- De Führerschäin Klass B
- Verantwortungsbewosstsinn (Grëndlechkeet, Suergfalt, Zouverlässegkeet, Eegeverantwortung an Dynamismus)
- Wäertschätzung a Kooperatiounsfäegkeet
- Flexibilitéit
- Teamfäegkeet an Hëllefsbereetschaft
- Bereetschaft sech mat a fir Kanner a Jonker an hiren Familljen ze engagéieren
Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen
- Dës Plaz gesäit een 40 St/W Aarbechtskontrakt vir
- De Kontrakt ass op onbegrenzten Zäit
- Eng Ustellung no Ofsprooch
- Dës Plaz fält ënnert den SAS-Kollektivvertrag a gëtt maximal an der Carrière C6 bezuelt
- Méiglechkeet u gezielten Weiderbildungen deelzehuelen
Delai fir d'Kandiatur: 22.06.2023
(Kandidaturen op Pabeier oder per Mail ginn net berücksichtegt)
Ären Uspriechpartner / Votre interlocuteur / Ihr Ansprechpartner
Directeur SEA:Michael SCHENKbr />
48A, avenue Gaston Diderich
L-1420 Luxembourg
Tel. +352 450774 - 6026
www.elisabeth.lu