Ee Chargé de direction (m/w) 30-35 St/W CDI


Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben

Zu der Aufgabe vun der Leedung vun der Crèche fir Kanner am Alter tëschent 2 Méint an 4 Joër, gehéieren folgend Arbeschten:

  • Aarbechtsorganisatioun am Kader vun der Konventioun, de gesetzleche Virschrëften an den internen elisabeth Prozeduren, souwuel um Niveau vum Personnel wéi och um Niveau vun den administrativen Dossier'en vun de Kanner (Budget, Décompte, Suivi, Facturatioun, Personalgestioun, Kannerpräsenzstonnen, etc…)
  • Ëmsetzen vum aktuellen Konzept um Niveau vun alle Servicer vum Haus am Sënn vun der non-formaler Bidlung an der Pikler-Pädagogik
  • Teamleedung a Personalentwécklung (Mataarbechtergespréicher a Plangen vun der Weiderbildung)
  • Organiséieren vun der Elterenaarbecht
  • Kontakt mat den Autoritéiten (Ministère, Gemeng, etc…)
  • Ëffentlechkeetsaarbecht
Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil
  • Eng Ausbildung mat minimum Bachelor (minimum Bac+3 am psycho-socio- éducativen Beräich)
  • Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom (an een « droit d'exercer » bei paramedezinesche Beruffsbiller)
  • Eng Beruffserfahrung vun minimum 5 Joer, dovun 3 Joër an der Leedung vun engem Grupp (Personalféierung, Ëmsetzen vun engem pädagogesche Konzept)
  • eng Zousatzausbildung am Beräich vun der Pikler-Approche ass vun Virdeel
  • Déi 3 Landessprooche beherrschen (L-D-F)
  • Beherrschen vun informateschen Bureausprogrammer wéi dem MS-Office
  • Ee gültegen Eischthëllefscours
  • Den Eiergäiz hun sech wëllen weider ze entweckelen
  • Freed drun hun en angem Beräich, dee sech stänneg weiderentwéckelt, sech ze engagéieren an hëllefen desen Challenge matt unzegoen
  • Responsabilitéit an der Leedung ze iwwerhuelen
  • Innovativ a kreativ sinn
Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen
  • Dës Plaz gesäit een 30-35 Stonnen / Woch – Aarbechtsvertrag vir
  • De Kontrakt ass op onbegrenzten Zäit, also eng fest Astellung
  • Eng flott an Ofwiesslungsräich Aarbechtsplaz
  • d'Chance sech kënnen un der Neiausriichtung resp. Weiderentwecklung vun enger Institutioun ze bedeelegen
  • Ee regelméissegen Austausch op der Direktiounsebene vun elisabeth hun, sou wéi d'Méiglechkeet kréien sech um Niveau Direktioun gezielt weider ze bilden
  • Ufank spéitstens ab Januar 2023
  • Eng Parkplaz sur place
  • Dës Plaz fällt ënnert den SAS-Kollektivvertrag. Et gëtt no de Regele vum CCT-SAS  bezuelt
Delai fir d'Kandidatur: 01.12.2022
Wann
et fir Iech selbstverständlech ass, Kanner a Jonker ze betreien a mat
hinnen zesummen di Zäit bei eis kreativ mat ze gestalten, da schéckt ons
Är Kandidatur online eran.
(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL GINN NET BERÜCKSICHTEGT)
Ären Uspriechpartner / Votre interlocuteur / Ihr Ansprechpartner
Directrice adjointe SEA



Tessy HANSEN

48A, avenue Gaston Diderich

L-1420 Luxembourg



Tel. +352 450774 - 6022

www.elisabeth.lu