Welthandhygiensdag

by Katja

Ëmmer am Assatz…

ass den Här Aloyse Colling, Resident aus dem Sacré-Coeur.

Duerch seng Hëllef suergt hien dofir datt jiddereen, Bewunner oder Mataarbechter d’Hänn desinfizéiert kritt ier eng Moolzecht zou sech geholl gëtt am groussen Sall vum Restaurant.

Mat engem léiwen Sproch, engem Witz, engem Laachen oder och mol mat enger Zockerboun iwerzeecht hien mat Freed Persounen déi an den Restaurant ran oder raus ginn, sech um einfachen Geste vun der Handhygiene ze bedeelegen.

Besonnesch haut um Welthandhygiensdag soen mir dem Här Colling een groussen Merci fir säin deeglechen Asaatz an dëser Pandemie.

Duerch propper Hänn ass séchergestallt datt de Virus manner Chancen huet sech am Haus ze verbreeden.

Fir op d’Wichtegkeet vun dësem Dag ze appelléieren gëtt Thema Hygiene an Hänn an verschiddenen Aktivitéiten mat eisen Bewunner opgeholl. Een vergänglechen Projet ass Gestaltung vun den Glasscheiwen an dem Restaurant/Cafeteria. Een High Five vun Jidderengem op al oder jonk.