Op der Sich no bonten Schockelaseeër

Et gouf geklibbert….. Um Karsamschdeg war den Ouschterhues mam Klibberwon am Sacré-Coeur ënnerwee. All Bewunner krut no aler  Traditioun, eng kleng Fläsch Wäiwaasser mat engem Strauch Pällem iwwerreecht. Um Ouschtersonndeg gouf et niewent dem Ouschtermenu och eng séiss Brioche-Feuilletée mat Schockelaseeër als Cadeau fir all Bewunner. Fir d’Sich no den verstoppten Eeër goung et beim gudde Wieder an de grousse Gaart vum Sacré-Coeur.