Es weihnachtet sehr

by Katja

Och zu Dikrech an der Maison de Soins Sacré-Coeur huet déi besënnlech Zäit vum Joer ugefaangen.

Bewunner hunn sech zesummen mat der Equipe vum AVS em Dekoratioun an d’Crëschtbeemecher vum Haus gekëmmert.

Den Doft vun frësch gebakenen Kichelcher an Eisekuchen louch de Freideg op eisem klengen Chrëschtmaart fir d’Bewunner an der Loft.

Ee groussen Merci vun der ganzer Equipe aus dem Sacré-Coeur geet och un d’Susana an de Pedro vun der Fondatioun EME fir hiren Chrëschtconcert, gespillt op der Violin an der Gittar, well net nëmmen ee Glühwäin kann wiermen mee och d’Musek, déi Balsam fir Kierper an Séil kann sinn.