Mäi Pap ass ee Superman,

by Katja

Mäi Pap ass ee Superman,

den einfach alles riichte kann.

Hien weess ganz vill an ass gescheit,

wéi hien mer dach um Häerzen leit.

 

Egal wéi al hien och ass,

Pap, weess du dass du a mengem Häerzen bass.

Well mäi Pap eben alles kann,

hien ass nämlech ee Superman.

 

Pap kuck däi Kand hei stoen,

well et wëll dir MERCI soen.