1. Mee am Sacré-Coeur

by Katja

Fir den 1.Mee am Haus zur Geltung ze bréngen hunn mir zesummen mat den Bewunner op all Stack ee Meekranz gebonnen. Aus den gesammelten Äscht, wou dëst Joer vill gréng Blieder drun houngen, hunn mir des Kreatiounen op Been gestalt, sou hunn mir e Stéck Bësch an d’Haus bruet an eis Wunngruppen dekoréiert. Bewunner hunn fläisseg gehollef an sech iwwer d‘Resultat gefreet.