Eis CAFETERIA ass op :
Vu Méindes bis Sonndes vun 14.00-17.00 Auer.
Mir orientéieren eis un de Mesuren aus der Horesca an der Ordonnance vun der Direktioun vun der Santé vum 12. Mee 2021 betreffend
d’Visitten an den Alters- a Fleegeheemer.
Max 4 Leit un 1 Dësch (inkl. Bewunner)
No folgenden Test-Modalitéite
Mir akzeptéieren:
- E negative PCR Test vu manner wéi 48h
- En zertifizéierten Auto-Schnelltest (TAR – Test antigénique rapide) vu manner wéi 24h
- En TAR den sur Place, an der Cafeteria, ënnert der Opsicht vun engem Mataarbechter vun der Cafeteria gemaach gëtt.
Fir PCR Tester akzeptéiere mir just den offiziellen Ausdrock vun engem Labo a keen SMS.
Fir TAR Tester akzeptéiere mir just den offizielle Certificat vum MiSa.
MERCI VILLMOOLS fir d’Cafeteria bis spéitstens 17.00 ze verloossen –
en vue vun der Preparatioun vum Owendiessen – 18.00 Auer
fir eis Bewunner.
ONLINE-BUCHUNG
(Klickt einfach op de Link)
Déi éischte Kéier muss dir Iech aschreiwen,
duerno brauch dir Iech jeweils just mat Ärem LOGIN anzeloggen.
Reservatioune huele mir vu Méindes bis Freides – 16.00 Auer un.
Denkt weg. drun datt Reservatiounen fir de Weekend dofir just bis Freides – 18.00 Auer méiglech sinn.

