De GOLFO, dee meeschtgesichte Mupp vu Lëtzebuerg

by admin

Mat Sécherheet ass de GOLFO dee meeschtgesichte Mupp vu Lëtzebuerg ? oder éischter vu Berbuerg. Scho Moies fréi – géint 07.30 gëtt op hie gewaart – mat “Leckerlien” an der Täsch. Op Muppa, Schnicki oder Jengelchen – de GOLFO weess ganz genee wéi hien sech ze verhale an uzepasse huet. An dat léiert de GOLFO an enger “Muppeschoul” wou hien als Begleetmupp mat pädagogescher Zousazausbildung ausgebilt gëtt.

Säit gutt 1 1/2 Joer ass hie bei eis am Haus, a mécht bei jidder Begéinung sengem vis-à-vis eng besonnesch Freed. Hien moosst och ganz genee of, op déi Begéinung mat sengem vis-à-vis fir hien an der Rei ass oder nët. Wann de GOLFO sech nach net secher ass – gräift hie ganz gären op seng Meeschtesch d’Marion zréck fir him da weiderzehëllefen. Zu zwee geet souwisou alles besser.

 

 

An der Zäit wou hien elo bei eis ass huet de GOLFO schonn eng ganz Partie Fortschrëtter gemaach. Den Timing vu senger Entwécklung bestëmmt hien – well hien ass e Mupp – an de Mënsch kann him näischt erzwéngen. Alles wat de GOLFO ëmsetzt geschitt aus dem Vertrauen an der Sécherheet – an dat brauch hien fir mat Mënsche kennen ze schaffen. Wann de GOLFO am Dëngscht ass kënn dir hien a sengem neie Schal gesi mat Opschrëft: “Besuchshund – AZUBI”

 

 

 

 

 

 

De GOLFO schmëlzt wann hie schéi geschwat kritt a wann een hien ganz douce beréiert an heemelt. Sengem vis-à-vis vermëttelt hien dann ganz schnell Rou, Verständnis, nom Motto: Hei kenne mir zwee bleiwen – esou ass et richteg a gutt. Dir gesitt esou e Mupp verfügt iwwert ganz aaner Eegenschaften wéi e Mënsch. Hien ass fir Dech do – hien huet Dech gär – hie gëtt – an hien hëlt net… just dat wat hien ugebuede kritt an e Mupp bleift Dir ëmmer trei.

 

 

 

 

 

Kleng Leckerlien…..

“Am beschten aus all Hand eng, well op engem Been steet et sech schlecht “ huet hie gemengt.

An dunn ass dem GOLFO opgefall datt hien der 4 huet !