Videotelefonie / Post vun Häerzen

by jeromeharpes

Soziale Kontakt: Notzt eise System fir mateneen a Kontakt ze bleiwen.

Och an enger besse mei schwiereger Zäit ass d’Personal ëmmer um Wuel vu senge Bewunner interesséiert. Dowéinst si mäer frou iech z’informéiren, dass dir ab elo d’Méiglechkeet hutt iwwert Télé-Kommunikatioun mat äerer Famill a Kontakt ze trieden.

Hutt dir e Smartphone oder e Laptop mat Kamera a mat der SKYPE- oder WHATSAPP Applikatioun ass dëst kee Problem

Mellt iech w.e.g. an der Receptioun um 51.16.06.1 un.  Eis Mataarbechter organiséiren en Datum mat Auerzäit an Dir gidd dann nees zeréck kontaktéiert fir äerch iwwert den Dag an Auerzäit ze kontaktéiren.

Bei weidere Froë sti mir iech gären zu Verfügung.

Merci fir Är Mathëllef an Zesummenaarbecht.

BLEIFT GESOND

 


Post vun Häerzen!

An Zäite vu Corona fanne Famillen ewéi Bewunner aner Weeër fir a Kontakt ze bleiwen.

Nieft der gär genotzter Videotelefonie, gëtt nees méi geschriwwen! D’Bewunner an och d’Mataarbechter kréien als Opmonterung léif Bréifer, Fotoen a selwer gemolte Biller geschéckt. Fir eppes Klenges kënne zeréck ze ginn, hunn d’Mataarbechter vum Service Animation et Rencontre zesumme mat de Bewunner voller Freed selwer bemolt Kaarte geschriwwen an op déi léif Post geäntwert.

Post 1 Post2