Bei wonnerbarem Fréijoerswieder huet d’Fanfare vun Hunchereng, Näertzeng a Fenneng e Samschden, 18.04.20, eis mat engem flotte Concert dobaussen am Gaart iwwerrascht. Vun hire Balcone, Fënsteren an der Terrass konnte d‘Bewunner an d‘Mataarbechter de schéine Kläng vu bekannte lëtzebuerger Lidder nolauschteren. Mir soen der Fanfare villmools Merci fir déi mega Stëmmung an hir flott Iddi eis eng musikalesch Ofwiesslung vum Alldag ze bereeden!