Filmaarbechten „Zesummen- ALL MATENEEN“

by jeromeharpes

Ufangs dëst Joer gouf de Foyer Ste Elisabeth zu engem Filmset ëmgewandelt. Mat der Hëllef vun zwee jonken, engagéierten Filmregisseuren konnten d‘Bewunner an d‘Mataarbechter hir schauspieleresch Talent zum Ausdrock bréngen. De Film, de mir no engem hausinterne Projet „Zesummen –ALL MATENEEN“ genannt hunn, handelt vun der palliativ-geriatrescher Betreiung bei eis am Haus. Et war immens flott ze gesinn, mat wéi vill Freed an Engagement jiddwereen beim Dréien vum Film dobäi war.