Portrait de Nathalie Déart, Chargée de Direction de crèche

by vincentpauly

Découvrez le portrait de Nathalie Déart, Chargée de Direction à la crèche de Bissen.

Wéi bass du bei elisabeth komm ?

Nodeems ech mäin Diplom als Educatrice diplômée gemaach hunn, war ech ganz motivéiert direkt op den Terrain schaffen ze goen. Ech wosst schonn als Kand, dass ech am soziale Beräich schaffe wéilt. Ech hu bei elisabeth postuléiert, well elisabeth sech a ville verschiddene Beräicher engagéiert.

 

Wéi ass et du weider gaangen ?

2010 hunn ech zu Biissen an der Crèche Margréitchen ugefaangen, deemools nach Garderie bei de Klautercher. Ech hunn an all Grupp geschafft an hu vill bäigeléiert. Ech war och an aner Crèchen aushëllefen a konnt vill Iddien sammelen.

2014 hunn ech dunn den Poste vun der Adjointe à la direction ugeholl. Den administrative Volet huet mech immens interesséiert a sou krut ech d’Chance mech kennen an deem Beräich weider ze entwéckelen. Nieft dem Posten als Adjointe hunn ech och d‘Tâche vun der Sécherheetsbeoptraagten iwwerholl an d’Ausbildung zum Tuteur gemaach, fir kennen Apprentien bei eis an der Crèche auszebilden.

No bal 12 Joer bei elisabeth, hunn ech 2022 de Poste vun der Chargée de direction mat Stolz a Motivatioun iwwerholl. An deenen 12 Joer krut ech d’Méiglechkeet mech ëmmer erëm weiderzebilden an néi Erausfuerderungen unzehuelen. Dëst hunn ech awer och nëmme konnten duerch d’Ënnerstëtzung vun elisabeth meeschteren, déi mir et erméiglecht hunn niewent der Aarbecht kënnen op der Uni Lëtzebuerg de Bachelor en sciences sociales et éducatives ze maachen.

 

Wat huet dir besonnesch Freed gemaach ?

Ech sinn ganz houfreg kennen ze soen, dass ech der Crèche den haitegen Numm ginn hunn. Margréitchen, eng einfach an dach schéi Blumm, war och den Numm vu menger Bomi.

 

Wat ass dir wichteg ?

Dass ech all Dag gär op Biissen fueren, scho bal meng zweet Heemecht. An datt et mir geléngt, dat Bescht aus dem Dag ze maachen, menger Equipe, de Kanner an den Elteren ee schéinen Dag ze bereeden.

Grad hate mir eng speziell Woch vun der Bientraitance. Mir hunn eis géigesäiteg anonym Komplimenter an eis Case geluecht. Dat war sou schéi moies unzekommen an e Kompliment an senger Case ze hunn. Da fänkt den Dag scho mat engem gudde Gefill un.

 

Wat gëtt däi nächsten Challenge?

Di geplangten Vergréisserung vun der Crèche Margréitchen !

 

Wat méchs du an denger Fräizäit ?

Ech genéissen d‘Zäit mat menger Famill, mengem Mann a mat menge Frënn. Ech kache ganz gär, fuere gär mam Vëlo, gi gär wanderen a reesen immens gär.

Ech si gär dobaussen ënnerwee a free mech wann d‘Sonn schéngt, fir schéi Momenter ze erliewen.