Wa Vëloen Aen liichten dinn

by admin

E neie Vëlo ! Wat gëtt et méi Flottes ? An dozou nach dat néidegt Sécherheetsequipement.

Méi e schéine Kaddo konnt een eise Kanner a Jonken net maachen ! E richtege 6er am Lotto. E Stéck Fräiheet, e Stéck Verantwortung an e gudde Schotz Selbstbewosstsinn. Si si mega stolz op hir nei Vëloen, déi si vun Schroeder & Associés, Trisport Junglinster an G-Art gesponsert kritt hunn.

Den Här Oliver Zirnheld, Associé  bei Schroeder et Associés, hat um “Race across Germany”, am Ganzen 1.100 km vu Flensburg op Garmisch Partenkirchen zréckgeluecht an dat mat enger karikativer Aktioun verbonnen, déi hien elisabeth ze gutt komme gelooss huet.  Zesummen mat senge Sponsoren huet hien duerch seng Aktioun d’Liwwerung vun 18 super Vëloen mat Helmer fir d’Kanner an di Jonk aus dem Institut St Joseph vu Betzder, aus dem Kannerland um Lampertsbierg an aus dem Internat zu Ëlwen méiglech gemaach.

Op de Fotoe gesi Dir d’Ausliwwerung vun de Vëloen zu Betzder.  Am Kannerland an am Internat kommen se dëse Samschdeg un. Ass dat net e bësse wéi Niklosdag ?

En décke Merci op alle Fall fir dës Aktioun, déi eise Kanner a Jonke bestëmmt laang vill Freed wäert maachen !

 

 

Velo-7
« de 6 »