Semaines de la Bientraitance – 76 actions créatives autour de la bientraitance

by admin

Seid 2014 huet sech de Grupp  elisabeth aktiv der Bientraitance verschriwwen an all Mataarbechter hu Formatiounen zum Thema matgemaach an d’Charta vun der Bientraitance ënnerschriwwen. Fir datt dës wichteg Thematik am Alldag present bléift, ginn et am ganze Grupp elisabeth Multiplicateuren, déi koordinéiert Sensibilisatiounscampagnen an den Haiser organiséieren.

Fir d’Aktioune vun dëse grouss ugeluechten “Semaines de la Bientraitance” waren awer dës Kéier net si eleng verantwortlech. An et goung dës Kéier net nëmmen ëm eis Mataarbechter, mee et sollten och déi Kleng a Grouss, déi an den Haiser betreit ginn, mat agebonne ginn.

Eis Generaldirektioun hat dofir en Opruff lancéiert, an all Struktur konnt op fräiwëlleger Basis e Projet umellen. Am Ganze sinn esou 76 ganz ënnerschiddlech Aktiounen zesummekomm. Sou zum Beispill e Bientraitance-Rallye am Internat zu Ëlwen,  e Familljenomëtteg mam Thema “Frëndschaft a Gemeinschaft” an der Crèche um Kierchbierg, e Bientraitance-Stream mat Jonke vum Jugendhaus Norden oder eng Aktivitéit mat Therapie-Ieselen am CIPA Haaptmanns Schlass zu Berbourg. Matt ganz vill Fantasie a Léift goufen sech Gedanke gemaach, an zesummen op kreativ Manéiere festgehalen.  E klengen Iwwerbléck vun dëse gemeinschaftlechen Aktiounen an en Androck, mat wéi vill Freed an Engagement Grouss a Kleng matgemaach hunn, gesitt Dir hei :

« de 2 »